Wanterwieder Update: Gefor vu Glëtz an der Nuecht op den Dënschden

Dëst ass e weideren Update iwwert d’Berechnunge vum potenziell éischte Schnéi um Méindenowend/Nuecht op den Dënschden. Déi nei Berechnunge sinn do.

De neiste Stand vun de Modeller

Am Artikel vu gëschter hu mir d’Modellrechnungen ënner d’Lupp geholl an hunn erausfonnt, dass um Méindenowend resp. an der Nuecht op den Dënschden eventuell den éischte Schnéi vun der Saison ustoe kéint, haaptsächlech op den héchste Koppe vum Land. Elo, 24 Stonnen duerno, rechnen d’Modeller ëmmer nach mat dësem Zenario. E puer weider Eenzelheete schénge sech awer och esou lues erauszekristalliséieren.

Mee: Nach ass et nach eng Zäit bis de Méindenowend/Dënschdemoien. Ännerunge kënnen ëmmer nach optrieden. Dëst ass just eng Interpretatioun vun den aktuelle Berechnungen, Stand 28.11.2020 – 18:00 Auer.

Hiweis: Ënnert dësem Link ass en Update vun dësem Artikel ze fannen

  • GFS

  • Duerch den Déifausleefer rechent den amerikanesche Modell GFS vum Méindenowend un zimmlech sécher mat Nidderschléi, déi awer gréisstendeels als Reen erofkomme sollen. Haaptsächlech op den héchste Koppe wier och mol Schnéireen dobäi an et gëtt just eng minimal Warscheinlechkeet vu Glëtz gerechent. Dësem Modell no soll eis also, ausser mol déi eng oder aner Flack tëscht dem Reen, näischt weider nennenswäertes ustoen.

  • ECMWF

  • Och den europäeschen ECMWF rechent et änlech wéi den amerikanesche GFS. Meeschtens soll et sech ëm Reen handlen, op den héchste Koppen am Eislék soll och mol Schnéireen méiglech sinn. Et ginn och Signaler fir Glëtz gerechent, d’Warscheinlechkeet dovu schéngt awer éischter kleng.

  • ICON

  • De méi héich opgeléiste Modell ICON rechent vum Méindenowend un domat, dass eis déi besot Front aus nordwestleche Richtungen hier areeche soll. Ufanks soll et sech dobäi nach meeschtens ëm Reen handlen, mee zesumme mat der killer Loft déi hannendrun eragefloss kënnt klëmmt d’Warscheinlechkeet vu Schnéiflacken. Op de Koppe soll et fir eenzel Schnéischaueren duergoe kënnen, méi wäit ënnen ass nieft dem Reen och nach Schnéireen net ganz onméiglech. Et kënnt awer och nach eng aner Saach dobäi: de Risk vu Glëtz. D’Warscheinlechkeet dofir gëtt vun dësem Modell däitlech méi héich gerechent wéi vum GFS a vum ECMWF. Dësem Modell no kéint eis um Dënschdemoien also eng Rutschpartie ustoen.

  • ARPEGE

  • De franséischen ARPEGE ass weiderhin dee Modell, deen dem Wanterwieder géigeniwwer am optimisteschsten ass. Um spéideren Owend soll eis déi besot Front aus Nordwesten areechen. Op den héchste Koppe sollen d’Temperaturen direkt an e Beräich fale, wou de Reen zu Schnéi gëtt. Deemno wéi soll et bis méi wäit erof kënne wäiss ginn, woubäi awer trotzdem e Mix aus Schnéi a Schnéireen optriede kann. Och dëse Modell berechent e net ze ënnerschätzende Risk vu glate Stroossen duerch Glëtz. Um Dënschdemoie kéint et also net nëmmen eng spannend Situatioun duerch de méigleche Schnéi ginn, mee och duerch potenzielle Glëtz.


De viraussiichtleche Verlaf vum Owend dem franséischen ARPEGE no | Grafik: wxcharts.com

Wat ass aus aktueller Siicht dann elo ze erwaarden?

All déi méiglech Zenarien aus de Modeller mat abezunn, ass um Méindenowend/Dënschdemoien aus aktueller Siicht folgendes méiglech:

Um Méindenowend, sou géint ongeféier 22:30 bis 23:30 Auer, soll déi besot Front duerch den Déifausleefer lues awer sécher aus nordwestleche Richtungen hier an eist Land eragezu kommen. D’Temperature leien zu dësem Zäitpunkt viraussiichtlech tëscht 0 an 3 Grad (kuerz virun der Front soll et nämlech bësse méi mëll ginn). Mam Ukomme vun der Front sollen d’Temperature sech tëscht -2 an 2 Grad apendlen a kënne wärend dem Passage vun der Front, deen bis an de fréien Dënschdemoie géint 5 oder 6 Auer dauere soll, fir e ganze Mix vu Nidderschléi op Lëtzebuerg bréngen. Op de Koppen, déi soe mir mol méi héich wéi 420/450 Meter leien, wieren éischt Flacke warscheinlech. Méi déif geleeë reent et meeschtens, dat awer och mat Flacken drënner. A Richtung fréien Dënschdemoien 5 oder 6 Auer sollen d’Temperature aus nerdlëche Richtungen hier bëssen an d’Luucht goe, soudass de Schnéi/Schnéireen erëm a Reen iwwergoe soll. De Buedem ass dobäi awer méiglecherweis nach gefruer, soudass ëmmer nach glat Stroosse méiglech sinn.

Duerch de Passage vun der Front vum Ufank bis dohin, wou se duerch ass, kënnt eng bestëmmt Duerchmëschung vun de Loftmassen zustaane, wouduerch Glëtz méiglech ass. Et kéint deemno wéi wierklech drop erauslafen, dass eis eng Mëschung vun e bëssen allem ustoe kéint, wat d’Situatioun op mannst mol lokal begrenzt en Tick méi geféierlech maache kéint.

Mee: Dëst ass nach net definitiv. Ännerunge sinn ëmmer nach méiglech an dowéinst halen ech Iech weiderhin um Lafenden!

Wéi entsteet Glëtz/Glatäisreen?

Wann een d’Beispill vum Méindenowend/Dënschdemoien hëlt, dann hu mir d’Situatioun, dass d’Temperature virum antreffe vun der Front am ganze Land viraussiichtlech bei ëmt de Gefréierpunkt leie sollen. Tëscht -3 an 1 Grad sinn ze erwaarden. Et ass soumat fraschteg bei eis. Wann d’Front bei eis ukënnt, ass et an enger Héicht vun 1,5 km iwwert eise Käpp viraussiichtlech méi waarm wéi bei eis hei ënnen. Dat kann dann doran resultéieren, dass de Nidderschlag virdéischt vu nach méi wäit uewe, wou et méi kill ass, duerch dës méi mëll Schicht op 1,5 km fält, do kuerz erëm entdeet an zu Reen gëtt. De Reen fält weider a kënnt iergendwann hei ënne bei eis un, wou d’Temperaturen awer, wéi gesot, bei viraussiichtlech tëscht -3 an 1 Grad leien. De Buedem soll dobäi och méi kill wéi 0 Grad sinn. Wärend de leschten 1,5 Kilometer, deen de Nidderschlag ze falen huet, kann et sinn, dass net genuch Zäit do ass, dass dësen erëm zu Schnéi gëtt. Sou ass et also méiglech, dass de Nidderschlag als Reen bei eis hei ënnen ukënnt an dann um ënnerkillte Buedem oder u soss Géigestänn fréiere kann. Dës Grafik soll dëst nach eng Kéier verdäitlechen:


Schematesch Duerstellung vun der Entstéiung vu Glëtz. Grafik: unwetterzentrale.de