Wanterwieder Update: Modeller rechnen de Weekend mat éischtem Schnéi

Nodeems d’Modeller staark hin an hier gerechent hunn, schéngen se elo esou lues op e gemeinsame Nenner ze kommen. Wa sech näischt méi ännert, kéint et an der Nuecht op de Samsden esouwäit sinn.

Scho knapp iwwer eng Woch laang ass et hier, dass mir iwwert den éischten Zäitpunkt spekuléiert hunn, wou mat Chance den éischte Schnéi vun der Saison vum Himmel komme kéint. Elo fänken d’Modeller tatsächlech un, eng ëmmer méi kloer Sprooch ze schwätzen. Elo musse se just nach hirer Linn trei bleiwen. Mee wat geschitt iwwerhaapt?


D’Grousswiederlag mat den entspriechende Loftstréimunge fir de Weekend | Grafik: wxcharts.com (Edit: Météo Boulaide)

Bis den Donneschden inclus leie mir gréisstendeels ënnert dem Afloss vun héijem Loftdrock, duerch deen et zimmlech roueg a nidderschlagsfräi an eise Géigenden ass (wann een de Niwwel ewechrechent). Déi ganz Déifdrockaktivitéit gëtt zu engem groussen Deel ronderëm ofgeleet, wat wanterlech Zenarien a Form vu Schnéi fir eis mol nach onméiglech mécht – mee net méi laang.

Eist Héichdrockgebitt gëtt den aktuelle Modellrechnunge no um Freiden aus eise Géigende verdrängt – et gëtt Plaz gemaach fir déiwe Loftdrock, deen säi Wee iwwer d’Nordséi op Lëtzebuerg fënnt. Ënnerstëtzt gëtt dëst Déifdrockgebitt vun engem groussen Héichdrockgebitt iwwert dem Atlantik: well déiwe Loftdrock géint den Auersënn dréint an héije Loftdrock am Auersënn, ginn dotëscht kill Loftmassen aus der Polarregioun an eis Géigende gedréckt. E weideren Ënnerstëtzer-Faktor ass deen, dass weider kleng Déifdrockgebitter bei eis hin erofgezu kommen. Eent vun deene positionnéiert sech iwwert dem Oste vu Polen, dat anert iwwert dem Ärmelkanal. Wann een dann esou wëll, hu mir et net nëmme mat engem spezifeschen Déifdrockgebitt ze dinn, mee mat engem Déifdrockkomplex. D’Kombinatioun aus all dësen Drockgebitter, sou gesinn et déi meescht Modeller de Moment, loossen d’Zoufuer vu killen an deels och méi fiichte Loftmassen iwwert e puer Deeg laang zou: heescht: och d’Warscheinlechkeet vun den éischte Flacke klëmmt nennenswäert.

De Fuerplang

Déi nächst Zeile beschreiwen de Fuerplang vun der wanterlecher Situaitoun, falls d’Modeller esou bleiwe sollte, wéi de Moment.

An der Nuecht op den Donneschde fänken déi fir eis interessant méi kill mee gläichzäiteg och méi fiicht Loftmassen un, iwwert eise Käpp anzefléissen. De Freiden iwwer wiere vill méi déck Wolleken ënnerwee, déi a Richtung Owend/agangs der Nuecht op de Samsden ëmmer méi kompakt géife ginn – dëst duerch eng Kalfront, hannert där och um Buedem déi méi fiicht Loftmasse sech bemierkbar géife maachen. Den amerikanesche Modell GFS rechent an der Nuecht op de Samsde mat lokale Schnéischaueren, genee wéi och den däitschen ICON, europäeschen ECMWF an de franséischen ARPEGE. Baséiert op änleche Situatiounen an de leschte Joren sinn d’Chancen fir déi éischt dënn wäiss Couche op de Koppe natierlech am héchsten. Ob et op de méi nidderëge Plaze fir eng Couche duergeet, kann ee nach net soen. Wat awer méiglech wier, ass op mannst e bësse Geflackels tëscht dem Reen.

De Fazit also: d’Chance sti net schlecht, dass de Wanter pénktlech fir de Weekend e klenge Besuch bei eis maache wäert – mat de beschte Chancen op de Koppen am Norden. Iwwer d’Schnéihéichte géife mir eis eng aner Kéier ënnerhalen, well et fir esou Détailer awer nach bëssen ze fréi ass.