Warnung: Wandvitesse vun 80 km/h & Aquaplaning duerch vill Reen um Freiden

Fir e Freiden ass eng Stuermwarnung aktiv. Mat dobäi kënnt zolitte Reen, deen sech och mol iwwer eng méi laang Zäit zéie kann.

D’Situatioun

Am Laf vum Owend suergt e Randdéif dofir, dass eis de nächste Pak u kräftegem Reen erreecht. De Wand spillt dobäi awer nach keng gréisser Roll. Eréischt mat engem neie Randdéif, wat am Laf vum Freidenomëtte nërdlech un eis laanschzitt, gëtt et interessant. Eng Front mat zolittem an och méi laang unhalendem Reen esouwéi Stuermstéiss ass ze erwaarden. Vum spéidere Nomëtte resp. vum Owend un ass mat enger Berouegung ze rechnen.

De Verlaf vun de Wandvitessen

An der zweeter Hallschent vun der Nuecht op de Freiden ass de Wand zwar spierbar, mee mat Vitesse vun tëscht 30 a 40 km/h wäit ewech vun der Warnschwell. Och um fréie Moien esouwéi am Virmëtte steet nach keng markant Ännerung um Programm. Vum Mëtte resp. fréie Virmëtten u soll et dann séier goen: Vu Westen hier mécht sech e Wandfeld iwwer Lëtzebuerg breet, duerch dat et zu Vitesse vun tëscht 50 a 75 km/h kënnt. Am weidere Verlaf vum Nomëtte sinn och mol Vitesse bis ëm 80 km/h méiglech, op de Koppe kéint jee no Modell och eppes driwwer net ausgeschloss ginn. Géint 18 Auer kann et nach zu däitlech spierbare Wandstéiss kommen, mee se sinn definitiv um Wee no ënnen. Bis Mëtternuecht si nach Spëtzte vu 60 km/h ze erwaarden.


De Wiedermodell AROME fir de Freidenomëtten | Grafik: wxcharts.com

Déi leftegst Period zitt sech also vun 12:00 bis 19:00 Auer, duerno sollt de Risk vu warnrelevante Wandstéiss (mindestens 75 km/h) zréckgoen.

Reen spillt weiderhin eng Roll

Der momentaner Modellauswäertung no variiéiert déi akkumuléiert Reequantitéit vun haut den Owend 18 Auer bis muer den Owend 18 Auer tëscht 15 a 35 l/m². Fir den Ufank beloosse mir et bei engem Hiweis, mee et ka net ausgeschloss ginn, dass d’Warnschwell vun 30 l/m² an Zäit vu 24 Stonne kéint erreecht ginn.

Ofgesi vun de Quantitéite reent et souwisou déi meescht Zäit. Virun allem vum fréie Mëtte bis an de spéidere Nomëtten eran ka sech Dauerreen astellen, deen och zolitt ausfale kann. Et heescht oppassen op de Stroossen duerch Aquaplaning & der Gefor vu Beem, déi ëmfalen.