Wat ass e Convective Outlook a wéi ass en ze interpretéieren?

Wärend der Donnerwiedersaison, déi an eise Géigende vum Fréijoer bis an den August eran dauert, hu mir et mat mol méi a mol manner intensiven Donnerwiederlagen ze dinn. Wärend dësen Donnerwiederlage ginn op dëser Websäit sougenannt Convective Outlooks verëffentlecht – mee wat ass dat iwwerhaapt a wéi sinn se ze interpretéieren?

Nëtzleche Feature

E Convective Outlook gëtt meeschtens an de fréie Moiesstonnen erausginn – meeschtens dann, wann den Dag selwer eng potenziell Donnerwiederlag ze erwaarden ass. Besonnesch nëtzlech ass dëst, fir sech scho Stonnen am Viraus e Bild vum Onwiederpotenzial ze maachen.

E Convective Outlook besteet aus:

  • Engem Kaartenausschnëtt vu Mëtteleuropa
  • Markéierunge mat den eenzelne Faarwe vun de Risk- Stufen
  • Enger détailléierter Beschreiwung vun der Wiederlag
  • Enger Legend, fir déi eenzel Risk- Stufe richteg anzeuerdnen

Kategoriséierung:

Beispill vun engem CO:

E Convective Outlook markéiert also déi Géigende, wou an de nächste Stonnen de Risk vu potenziellen Onwieder besteet. Mat Berécksiichtegung vu sëllege Wiedermodeller gëtt net nëmmen agezeechent, wou eppes méiglech ass, mee och nach wéi zolitt d’Entwécklungen ausfale kënne, wann eppes am markéierte Beräich entsteet. Do kënnt d’Kategoriséierung (also d’Legend) an d’Spill, déi aus 6 Risk- Stufe besteet. Déi éischt zwou Stufen (1. DWDR & 2. ALGM) deiten op Donnerwieder hin, déi sech an hirer Intensitéit awer staark a Grenzen hale sollten. Et ass meeschtens keng besonnesch Opmierksamkeet bei esou Donnerwiederlage néideg. Wéi eng Konditioune mussen erfëllt sinn, fir dass déi zwou oder eng vun den zwou Stufen aktivéiert gëtt, fannt Dir an der Legend iwwert dësem Abschnitt. Déi agedroe Phänomener musse net alleguer zesummen zoutreffe, mee et geet schon duer wann eng vun de Konditioune passt. D’Legend funktionéiert also nom “an/oder- Prinzip”.

Onwiederaartëg gëtt et ab der Riskstuf KLNG (Niveau 3/6). Dowéinst ass op der Kaart vum Convective Outlook alles vun KLNG un an driwwer als Extremwieder- Risk gekennzeechent. Wann also den drëtte Niveau op d’Kaart agezeechent gëtt, besteet eng kleng Warscheinlechkeet vun Extremwieder – mam Risk vun de festgeluechte Phänomener, déi op an Legend ze fanne sinn (ëmmer nach “an/oder Prinzip”). D’Legend ass esou opgebaut, dass net bei gefillt all Donnerwiederlag eng knalleg Faarf muss aktivéiert ginn. Réischt wann et wierklech zolitt hiergoe kann, kommen déi méi héich Risk- Stufen an den Asaz. Déi héchst Stuf HEIJ (Niveau 6/6) beschreift en Szenario, deen a Mëtteleuropa an der Moyenne 1 mol am Joer virkënnt. Lëtzebuerg ass nëmme kleng – esou Situatioune sinn also immens rar. Mee wann et mol rem esouwäit ass, sollt een d’Lag eeschthuelen an d’Informatioune geneestens matverfollegen.

Feature “Tornado- Outlook”

Nom staarken Tornado vum 9. August 2019 gëtt et am Fall vun engem Convective Outlook net nëmmen d’Standardkaart, déi den allgemenge Risk vu warnrelevanten a potenziell onwiederaartegen Entwécklunge markéiert, mee och nach eng Kaart, déi sech op den Tornado- Risk bezitt. Heibäi handelt et sech awer ëmt en experimentelle Feature, dee mat Virsiicht ze genéissen ass. Wéi och bei der normaler Kaart gëtt beim Tornado- Outlook gekuckt, wéi eng Konditiounen an Zutate sech wou am beschten iwwerschneide, fir dass sech en Tornado forméiere kéint. Jee no Intensitéit vun den eenzelne Parameter gëtt de Risk och rem a 6 Stufen agedeelt:

  • gerénge Risk: 5-10 %
  • liicht erhéichte Risk: 10-15 %
  • erhéichte Risk: 15-20 %
  • moderate Risk: 20-30 %
  • markante Risk: 30-45 %
  • héije Risk: >45%

Geografesch beuerteelt gëtt de Risk vun der Entstéiung vun engem Tornado op den Ëmkreess vu 40 Kilometer vun engem bestëmmte Punkt fort. Et ass keng Garantie fir en Tornado, mee et ka net ausgeschloss ginn, dass sech iergendwou am markéierte Gebitt en Tornado forméiere kann.

Beispill vum Tornado- Outlook vum 10. Mee 2020: