Weekend: Mix aus ville Wollécke, Sonn a lokale Schaueren

Eng summerlech bis héichsummerlech Woch geet sou lues op en Enn. Vun héigen Temperaturen, staark schmeierer Loft bis hin zu Donnerwiederen hu mir alles gesinn. De Weekend soll de Summer awer viraussiichtlech eng kleng Verschnaufpaus aleeën.

“Just” nach em 20 Grad

D’Temperature wärten tësche 7 an 10 Grad méi niddreg ausfaale, wéi dat, wat mir an de leschten Deeg haten. Och wann et variabel bleift gëtt déi méi schmeier Loft allerspéitstens um Freidenowend vu Westen hier erausgeraumt. De Weekend ass also endlech mol d’Zäit komm vir engkéier sou richteg duerchzelëften!

Freiden, 07. Juni 2019

De Freidemoien ass den Himmel meechtens kloer, eenzel Niwwelfelder si virun allem an Däller méiglech. D’Temperature leien tëschen 10 a 14 Grad. Am Virmëtte klammen des Werter op 17 bis 20 Grad erop, wann de Niwwel verschwonn ass gëtt et nachemol schéi sonneg. Mëttes an am Nomëtte gëtt et aus westleche Richtunge no a no méi gro, eng Kaalfront kënnt eis méi no. Ufanks kënnen d’Temperature bei em 25 Grad leien, ier se am Nomëtten duerch d’Front eroofgedréckt ginn a nach bei 17 bis 23 Grad leien. De Wand gëtt och een Thema. E ka mat Spëtzte vu 70 km/h aus Südweste blosen, deelweis kënnen och 75 km/h areecht ginn. Während dem Passage kann et zu e puer Nidderschléi kommen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 11 bis 7 Grad zréck, et bleift lefteg. Et si just nach e puer Wollécken ënnerwee an et bleift drëchen.

Schmeier Loftmasse ginn de Freidenowend aus Lëtzebuerg verdrängt (Modell: GFS / wxcharts.com)

Samsden, 08. Juni 2019

De Samsdemoien ass et oft wolléckeg, et kann zu eenzelne Schauere kommen. D’Temperature leien tëschen 8 a 13 Grad. Am Virmëtte klammen des Werter op 11 bis 16 Grad erop, et gëtt ëmmer méi wolléckeg. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 15 bis 21 Grad areecht, de Wand bléist méisseg aus Südwesten. An de Spëtzte gi 55 km/h areecht. Et gëtt ëmmer manner wolléckeg an d’Sonn kritt besser Chance, sech weisen ze kommen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 12 bis 7 Grad zréck. Et gëtt kloer bis liicht wolléckeg, réicht a Richtung Sonndemoie gëtt et rem méi wolléckeg.

Sonnden, 09. Juni 2019

De Sonndemoien ass et kloer bis liicht wolléckeg, d’Temperature leien tëschen 8 a 14 Grad. Am Virmëtte klammen des Werter op 14 bis 18 Grad erop, et bleift nach sonneg. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 17 bis 23 Grad areecht, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Südosten. An de Spëtzte ginn 30 km/h areecht. Et gëtt séier méi gro, et muss mat Reen gerechent ginn. Um Owend an an der éichter Nuetshalschend gëtt et kuerz méi drëchen, ier et an der zweeter Halschend rem ufänke kann. D’Temperature ginn op 14 bis 9 Grad zréck.