Weekend: Punktuell kräfteg Schaueren a Wiedere méiglech

Méi waarem mee awer och méi fiicht Loftmasse wärte sech de Weekend zu Lëtzebuerg breetmaachen. D’Wahrscheinlechkeet vun e puer Schauere souwéi och Donnerwiedere wärt also klammen.

Situatioun

De Weekend positionéiert sech en Déif iwwert dem Süde vun Däitschland, waat waarem mee zäitgläich och fiicht Loftmassen an eis Richtunge lenkt. Zumols am Norde souwéi am Nordoste vun Däitschland ass vu summerlechen Temperaturen auszegoen, iwwerdeems de Maximum an eise Géigende bei em 22 Grad leie sollt.

Schaueren an Donnerwiedere wärten de Weekend just lokal an enk begrenzt optrieden. Dat heecht, dass et un engem Punkt reene kann an e puer Kilometer weider baal näischt bis iwwerhaapt näischt eroofkënnt. Dës Nidderschléi kënnen och mol méi staark ausfaale, soudass a verschiddene Fäll gréisser Reequantitéiten a kuerzer Zäit net onméiglech sinn.

Knëppelsteng kënnen och mol dobäi sinn. D’Wahrscheinlechkeet vu staarkem Wand ass ganz geréng.

Drockverdeelung iwwert de Weekend (GFS, wxcharts.com)

Freiden, 17. Mee 2019

De Freidemoien ass et oft wolléckeg, d’Temperature leien tëschen 8 an 11 Grad. Am Virmëtte klammen des Werter op 11 bis 15 Grad erop, de Schauerrisk klëmmt. Mëttes an am Nomëtten zéien eng ganz Partie Wollécken duerch, eenzel sonneg Momenter sinn awer och méiglech. D’Temperature packen et op 15 bis 20 Grad, de Wand bléist nëmme schwaach aus Südosten. An de Spëtzte gi 25 km/h areecht. Et kann zu vereenzelte Schauere kommen, mee net flächendeckend. Et bleift also op ville Plazen drëchen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 11 bis 7 Grad zréck, aus Frankräich areechen eis weider Wollécken, déi d’Reewahrscheinlechkeet an d’Luucht drécken.

Samsden, 18. Mee 2019

De Samsdemoien ass et staark bedeckt, eenzel Schauere si méiglech. D’Temperature leien tëschen 8 an 13 Grad. Am Virmëtte klammen des Werter op 14 bis 17 Grad erop, et si vill Wollécken ze gesinn. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 16 bis 20 Grad areecht, de Wand bléist schwaach aus Westen a packt et an de Spëtzten op 15 km/h. Et zéien déck Wollécken duerch, sonneg Momenter sinn awer och mol tëschenduerch méiglech. Et besteht rem d’Wahrscheinlechkeet vun där enger oder anerer Schauer mat Blëtz & Donner Potenzial. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 13 bis 8 Grad zréck, et reent virun.

Sonnden, 19. Mee 2019

De Sonndemoien ass et staark bedeckt an et reent, d’Temperature leien tësche 9 a 14 Grad. Am Virmëtte klammen des Werter op 14 bis 18 Grad erop, et bleift bedeckt a naass. Et kënne sech och schon déi eng oder aner Donnerwiedere forméieren. Mëttes an am Nomëtten ass mat Maximaltemperature vu 17 bis 21 Grad ze rechnen, et ass oft staark wolléckeg. Schaueren an Donnerwiedere kënnen entstoen a punktuell méi kräftege Reen, heiansdo och mat Knëppelsteng, bréngen. De Wand ass dobäi awer keen Thema. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 12 bis 9 Grad zréck, et gëtt ëmmer méi drëchen.