Weekend-Update a Saache Reen an Temperaturen

De Weekend iwwer erreechen eis déi éischt Nidderschléi zanter laangem, an d’Waasser fale wäert en awer weiderhi net.

Advertisement

Fréistens um Samschdenowend naass

Haut um Freide bleift et fir de Rescht vum Dag dréchen, eis Temperature packen et momentan (11.04.2025 – 13:58 Auer) op Wäerter vun ëm 18 Grad a kënnen haut nach lokal e Maximum vu bis zu 21 Grad erreechen. Den Afloss vun de Schleierwolleken ass net all ze grouss – virun e puer Deeg gouf en awer, just fir niewebäi ze nennen, däitlech méi staark berechent.

Muer um Samschde starte mir liicht wollekeg bis plazeweis en Tick méi dréif an den Dag, ier et ronderëmt de Mëtte kuerz méi sonneg sollt ginn. D’Temperature packen et op e Maximum vun tëscht 19 a 24 Grad. Mëtterlerweil sinn eng ganz Rei Modeller der Meenung, dass eis tëscht dem Owend & Mëtternuecht tatsächlech déi éischt Nidderschléi aus Frankräich sollen erreechen. En eenzelt Dimmer ass net onméiglech, mee de Fokus läit definitiv einfach just op der Haaptsaach, dass et mol erëm naass gëtt.


D’Reequantitéite bis e Sonnden inclus laut europäeschem Modell | Grafik: wxcharts.com

Dës Schaueraktivitéit zitt sech bis an de Sonnden eran. Den europäesche Modell rechent nach bis an den Owend eran e puer Schaueren, den amerikanesche Modell tendéiert awer nom Virmëtten zu gréisstendeels dréchenem Wieder mat engem Mix aus Sonn a Wolleken. Mat tëscht 14 an 18 Grad als Maximalwäerter gëtt et erëm e Stéck méi kal.

Iwwert de ganze Weekend gekuckt erwaarden eis dem europäesche Modell no tëscht 1 an 8 l/m² Reen, den amerikanesche Modell ass mat 1 bis 3 l/m² dobäi. Et ass also, egal wéi, net vill, wat eis fir den Ufank usteet.