Weekend: Vill Sonn a bis zu 30 Grad!

De Weekend schéngt déi méi laang unhaalend, variabel Phase vir e Moment ze pauséieren. Aus Südweste gi waarem Loftmassen u Lëtzebuerg erugefouert, déi bei eis vir summerlech bis demno wéi souguer héichsummerlech Temperature suerge wärten.

Em 30 Grad ze erwaarden

De Weekend gi waarm Loftmassen op Lëtzebuerg geschëppt, mat dobäi geroode mir och ëmmer méi ënner Héichdrockafloss. Déi déck Wollécken, déi mir aus de leschten Deeg gewinnt waren, wärten also vir eng Zäit verschwannen oder just nach an der Ënnerzuel präsent sinn. D’Sonn kritt déi kloer Iwwerhand.

Freiden, 31. Mee 2019

De Freidemoien ass den Himmel kloer bis liicht wolléckeg, d’Temperature leien tëschen 13 a 16 Grad. Am Virmëtte klammen des Werter op 17 bis 20 Grad erop, et zéien e puer Wollécken duerch. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 21 bis 25 Grad areecht, de Wand bléist schwaach aus Westen. An de Spëtzte ginn 30 km/h areecht. Et sinn eng Partie Wollécken ënnerwee, d’Sonn kënnt tëschenduerch awer och mol duerch. D’Wahrscheinlechkeet vu Schaueren ass nëmme kleng. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 15 bis 7 Grad zréck, et gëtt ëmmer manner wolléckeg a méi kloer.

Waarm Loftmassen ënnerwee a Richtung Lëtzebuerg (wxcharts.com)

Samsden, 01. Juni 2019

De Samsdemoien ass den Himmel kloer, d’Temperature leien tëschen 11 a 17 Grad. Am Virmëtte klammen des Werter op 19 bis 23 Grad erop, et zéie just e puer kleng an harmlos Wollécken duerch. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 25 bis 29 Grad areecht, de Wand bléist schwaach aus Nordwesten. An de Spëtzte ginn 20 km/h areecht. Et ass schéi sonneg, dat weiderhi béi héchstens e puer klengen an harmlose Wollécken. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperature bei engem kloeren Himmel op 16 bis 9 Grad zréck.

Sonnden, 02. Juni 2019

De Sonndemoie schéngt d’Sonn iwwer Bierg an Dall, d’Temperature leien tëschen 12 a 19 Grad. Am Virmëtte klammen des Werter séier op summerlech Werter vun 22 bis 25 Grad, et bleift schéi sonneg. Dat selwecht gëlt vir de Mëtten a Nomëtte, wou Maximaltemperature vu 26 bis 31 Grad ze erwaarde sinn. De Wand bléist schwaach bis zäitweis liicht spierbar aus Süden. An de Spëtzte gi 35 km/h areecht. Et zéien héchstens e puer Cumuluswollécken duerch, de Schauer- an Donnerwiederrisk hält sech awer nach a Grenzen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 18 bis 12 Grad zréck, zumols a Richtung Méindemoie klëmmt de Schauerrisk weider.