Weekend: Vill Sonn an Temperaturen ëm 25 Grad

Mir leie rem ënner Héichdrockafloss, soudass de Reen e grousse Bou rondrëm Lëtzebuerg mecht. Iwwerdems ginn och waarem Loftmassen an eis Géigende gelenkt.

Ëm déi 25 Grad

An de leschten Deeg ware rem eng Partie Wollécken ënnerwee, déi d’Sonn oft blockéiert hunn. Daat ass awer demnächst eriwwer: Ët gëtt manner wolléckëg an d’Sonn ka sëch ëmmer méi weise kommen. Aktuelle Modellrechnunge no gi muer um Samsde schon Temperaturen vun ëm déi 25 Grad ereecht, dobäi bléift just eng kleng Lëftchen. Vum Sonndën un kann et dann och op méi Plaatzen am Land summerlëch ginn. Ët si 26 Grad an Aussiicht, de Méinde kéint et souguer bis zu 28 Grad waarem ginn.

Ab Mëtt der Woch wärt sech dem aktuelle Stand no e klengen Donnerwiederrisk bei eis breetmaachen. Mat Chance bleiwen d’Temperaturen awer nach am summerlëche Beräich.

D’Temperatur an annerhalwem Kilometer Héicht bis den Donnëschden, 10 Mee 2018. Gutt ze gesinn ass, dass sech déi méi mëll Loftmassen bis Mëtt nächster Woch schéngen ze haalen. Grafik: wxcharts.eu