Weekendwieder: Et gëtt zäitweis a lokal méi wanterlech

De Weekend iwwer erwaart eis ee richtege Mix aus fréijoersméissegem an am nächste Moment erëm méi wanterlechem Wieder.

fir d’lescht aktualiséiert: 26.03.2021 – 04:59

Grousswiederlag

Iwwert de ganze Weekend, also vum Freide bis de Sonnden inclus, leie mir déi meescht Zäit ënner Héichdrockafloss. Dotëscht gëtt et awer kuerzzäiteg manner gutt – dat duerch eng Kalfront, déi eis an der Nuecht op de Samsde passéiere wäert. Mat dëser Kalfront komme méi kill Loftmassen op Lëtzebuerg, déi besonnesch op de Koppe fir e puer méi wanterlech Stonne suerge kënnen.

Freiden, 26. Mäerz 2021

De Freidemoien ass et liicht wollekeg, plazeweis si Niwwelfelder dobäi. D’Temperature leien tëscht 3 a 5 Grad a klammen am Virmëtten op 7 bis 10 Grad erop. D’Sonn ka sech nach heiansdo weise kommen, wat sech awer am weidere Verlaf vum Dag ännere wäert. Mëttes an am Nomëtten ass mat Maximaltemperature vun tëscht 6 an 11 Grad ze rechnen, de Wand bléist nach meeschtens schwaach aus Südwesten. An de Spëtzten ass e mat 30 km/h ënnerwee. Et gëtt no a no méi wollekeg, et bleift awer nach dréchen. Um Owend an an der Nuecht kënnt eis aus Westen eng Kalfront méi no, duerch déi et och méi lefteg gëtt. An der Nuecht si kuerzzäiteg Spëtzte vun ëm 60 km/h net ausgeschloss. Iwwerdeems falen d’Temperaturen op tëscht 1 a 6 Grad, op de Koppen am Norde kënne sech eenzel Flacken ënnert de Reen mëschen. Deemno wéi kann et op den héchste Plazen och fir en dënne Flom duergoen, d’Warscheinlechkeet dofir ass awer net all ze grouss. Soss handelt et sech meeschtens ëm Reen ueschter d’Land.


D’Kommen an d’Goe vun de kille Loftmassen | GFS / wxcharts.com

Samsden, 27. Mäerz 2021

De Samsdemoien ass et staark bedeckt, dobäi kënnt et zu Niwwelfelder an och soss liichte Nidderschléi. D’Temperature leien tëscht 0 a 4 Grad – op de Koppe si weiderhin eenzel Flacken dran, soss handelt et sech meeschtens ëm Reen/Fisemreen. Am Virmëtte klammen des Wäerter op 2 bis 7 Grad erop, et ännert sech net all ze vill. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 12 a 15 Grad ze erwaarden, lues a lues geet d’Warscheinlechkeet vu Nidderschléi zréck. De Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Südwesten, an de Spëtzten ass e mat 40 km/h ënnerwee. Spéistens am spéidere Nomëtte soll déi lescht Drëps gefall sinn. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht -1 an 2 Grad zréck, et gëtt ëmmer manner wollekeg. Niwwelfelder sinn trotzdeem méiglech, duerch Nätzt déi fréiert kann et och lokal glat ginn.

Sonnden, 28. Mäerz 2021

De Sonndemoien ass et nach méi oft gro, dat duerch Niwwelfelder. D’Temperature leien tëscht 0 an 2 Grad, glat Stroosse si lokal méiglech. Am Virmëtte klammen dës Wäerter op 4 bis 8 Grad erop, de Niwwel léist sech lues a lues op an d’Chancen op sonneg Momenter gi besser. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 12 a 16 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Südwesten. An de Spëtzten ass e mat 30 km/h ënnerwee. Sonn a Wolleke wiessle sech of, et bleift dréchen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 2 a 4 Grad zréck, et gëtt ëmmer manner wollekeg.