Weekendwieder: Méi kill, mee nach gréisstendeels frëndlech – duerno wanterlech

De Weekend iwwer leie mir nach gréisstendeels ënner Héichdrockafloss. Et gëtt wuel e bësse méi wollekeg, allerdéngs bleift et nach meeschtens dréchen an d’Sonn kënnt sech weisen. Vum Méinden u gëtt et méi wanterlech.

Grousswiederlag

Elo de Weekend iwwer hu mir et ëmmer nach mat Héichdrockafloss ze dinn. Iwwert dem Atlantik, westlech vun den Azoren, läit en Déif – genee wéi och westlech vu Skandinavien. Dotëscht, also iwwert dem nërdlechen Atlantik, erstreckt sech vu Grönland aus bis eriwwer an Europa eng Héichdrockbréck. Dës Héichdrockbréck weist hiren Effekt nach bis de Sonnden inclus, ier et vum Méinden un e gudden Tick méi kill gëtt. Wanterlech Entwécklunge sinn dann erëm ze erwaarden.


D’Grousswiederlag bis de Sonnden inclus | Animatioun: wxcharts.com

Freiden, 02. Abrëll 2021

De Freidemoien ass et liicht wollekeg bis kloer, eenzel Niwwelfelder sinn awer och méiglech bei 3 bis 5 Grad. Am Virmëtte klammen des Wäerter op 5 bis 9 Grad erop, et gëtt lues a lues méi sonneg. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 9 a 15 Grad ze erwaarden, de Wand bléist spierbar aus Nord-Nordosten. An de Spëtzten ass e mat 45 km/h dobäi. Et ass meeschtens sonneg, et zéien e puer kleng Wolleken duerch. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 1 a 4 Grad zréck, et gëtt ëmmer méi gro. Et ass mat Wolleken a lokal och Niwwelfelder ze rechnen.

Samsden, 03. Abrëll 2021

De Samsdemoien ass et staark bedeckt, d’Temperature leien tëscht 1 a 4 Grad a klammen am Virmëtten op 4 bis 7 Grad erop. Et gëtt lues a lues manner gro an d’Sonn ka sech besser weise kommen. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 8 an 12 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach bis zäitweis spierbar aus Nordosten. An de Spëtzten ass e mat 35 km/h dobäi. Sonn a Wolleke wiessle sech of, et bleift dréchen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht -1 an 1 Grad zréck, den Himmel bleift gréisstendeels kloer.

Sonnden, 04. Abrëll 2021

De Sonndemoien ass et liicht wollekeg, d’Temperature leien tëscht -1 an 1 Grad a klammen am Virmëtten op 4 bis 7 Grad erop. Et ass keng Ännerung ze erwaarden. Mëttes an am Nomëtte klammen d’Temperaturen op Maximalwäerter vun tëscht 8 a 14 Grad, de Wand bléist schwaach bis zäitweis liicht spierbar aus Westen. An de Spëtzten ass e mat 20 km/h ënnerwee. D’Sonn kritt sech esouguer ëmmer besser duerchgesat. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 1 an 3 Grad zréck, den Himmel ass gréisstendeels kloer.