Weekendwieder: Nennenswäert Reequantitéiten ze erwaarden

Och de Weekend iwwer geet et mat nennenswäerte Reequantitéite virun.

Den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent mat 11 bis 17 l/m². Dat meescht dovu soll am Weste vum Land erofkommen, ongeféier am Beräich Réiden. De “mannste” Reen soll dësem Modell no laanscht Musel an och am äusserste Norden erofkommen. Dass awer egal wéi erëm nennenswäert Quantitéite méiglech sinn, weist d’Simulatioun vum europäeschen ECMWF: tëscht 15 a 27 l/m² huet dësen um Plang stoen. Genee wéi et de GFS och gesäit, soll och dësem Modell no dat meescht laanscht de Westen erofkommen. Och am Südweste soll et zu gréissere Quantitéite kënne kommen.

De franséischen ARPEGE rechent mat 13 bis 25 l/m² an huet och haaptsächlech de Westen am Bléck. E bëssen anescht fält d’Muster dem däitschen ICON no aus. Zwar soll et och laanscht de Westen erëm am naasste ginn, mee awer och laanscht de Süden bis erop ongeféier an enger Sträif vu Fréiseng erop op Konsdref. Ueschtert dat ganzt Land sollen 13 bis 24 l/m² falen, déi héchst Wäerter an éischter Linn op de genannte Plazen.

Fazit: Bis de Méinde kritt eis Natur weiderhi nennenswäert Reequantitéiten of. Wéi mir un de Modellrechnungen erkenne, soll et laanscht de Westen tendenziell am naasste ginn. Net ze vergiessen ass awer, dass et am Ganze Land zu gesonde Quantitéite komme wäert. Mir sollte scho mol sécher iergendwou tëscht 10 an 20 l/m² ukommen, natierlech sinn och lokal Ausräisser no uewen oder ënne méiglech.