Weekendwieder: Oft gro, heiansdo bësse naass – Moienter nach fraschteg

De Weekend iwwer leie mir zwar ëmmer nach ënner Héichdrockafloss – allerdéngs sinn dotëscht trotzdem weiderhi Stéierungen ze erwaarden, duerch déi et heiansdo méi fiicht ka ginn.

Grousswiederlag

De Weekend iwwer sti mir ëmmer nach ënner Héichdrockafloss, allerdéngs sinn dotëscht awer e puer manner frëndlech Momenter méiglech. Vun der portugiesescher Küst iwwert de Weste vu Frankräich bis erop a Richtung Nordséi a Skandinavien zitt sech een Héichdrockgebitt. Méi wäit iwwert dem Oste vum Kontinent hu mir et mat déiwem Loftdrock ze dinn, dat mam Kär ëstlech vu Polen an Tschechien. Duerch dës Loftbeweegunge gi weiderhin där méi killer Loftmassen op Lëtzebuerg gelenkt.


D’Loftmasseverdeelung iwwert de Weekend | Animatioun: wxcharts.com

Freiden, 16. Abrëll 2021

De Freidemoien ass et liicht wollekeg bis hin zu bedeckt, et ass mat Niwwelfelder ze rechnen. D’Temperature leein tëscht -1 an 2 Grad, glat Stroosse si lokal méiglech. Am Virmëtte klammen des Wäerter op 3 bis 6 Grad erop, et gëtt ëmmer méi wollekeg. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 8 an 12 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach bis zäitweis spierbar aus Nordosten. An de Spëtzten ass e mat 40 km/h dobäi. D’Luucht ass gréisstendeels zou, just mat Chance ass mol e sonnege Moment ze erwaarden. Et bleift gréisstendeels dréchen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 1 an 3 Grad zréck, et gëtt ëmmer manner wollekeg.

Samsden, 17. Abrëll 2021

De Samsdemoien ass et liicht wollekeg bis plazeweis gro duerch Niwwel, d’Temperature leien tëscht 2 a 4 Grad a klammen am Virmëtten op 4 bis 7 Grad erop. Et ännert sech net vill. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 9 an 13 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach bis zäitweis spierbar aus Nordosten. An de Spëtzten ass e mat 30 km/h ënnerwee. D’Sonn an e puer méi déck Wolleke wiessle sech of. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 2 a 5 Grad zréck, d’Luucht bleift zou. Ganz vereenzelt ass mol liichte Fisemreen duerch Niwwel méiglech.

Sonnden, 18. Abrëll 2021

De Sonndemoien ass et staark bedeckt, dobäi sinn och Niwwelfelder méiglech. D’Temperature leien tëscht 3 a 5 Grad a klammen am Virmëtten op 5 bis 8 Grad. Et bleift gro, mee meeschtens dréchen. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 11 a 16 Grad ze erwaarden, de wand bléist schwaach bis zäitweis spierbar aus Nordosten. An de Spëtzten ass e mat 30 km/h dobäi. Et bleift bedeckt mee meeschtens dréchen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 4 a 6 Grad zréck, den Himmel bleift bedeckt.