De Weekend steet un – a wéi ëmmer stellt ee sech d’Fro, op wat ee sech dann wiedertechnesch astelle soll.
Grousswiederlag
De Weekend iwwer leie mir gréisstendeels ënnert dem Afloss vum héijem Loftdrock, och wa sech heiansdo mol probéiert e Schéinheetsfeeler anzeschläichen. Eist Wieder gëtt vun engem Héich bestëmmt, wat sech vu Portugal iwwer Mëtteleuropa a Richtung Polen erstreckt, mee net besonnesch stabil ass.
Freiden, 17. September 2021
De Freidemoien ass et kloer bis liicht wollekeg, plazeweis kann et duerch Niwwel och bësse méi gro sinn. D’Temperature leien tëscht 10 an 13 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 15 a 17 Grad erop. Tëscht frëndleche sonnege Momenter an engem méi groen Himmel läit e schmuele Grat. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 18 an 22 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach aus Nord-Nordwesten. An de Spëtzten ass e mat 15 km/h ënnerwee. Et zéien e puer méi déck Wolleken duerch, et sollt awer dréche bleiwen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 10 an 13 Grad zréck, et ass liicht wollekeg.
Samsden, 18. September 2021
De Samsdemoien ass den Himmel gréisstendeels kloer, e puer eenzel Wolleke si mol dobäi. D’Temperature leien tëscht 10 an 13 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 14 a 17 Grad erop. Et bleift frëndlech an d’Sonn weist sech. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 18 an 23 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach aus Osten. An de Spëtzten ass e mat 25 km/h ënnerwee. Et komme méi déck Wolleken op, aus deenen et awer net reene sollt. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 12 a 14 Grad zréck, et bleift weiderhin zimmlech wollekeg. Niwwelfelder si spéiderhin och erëm dobäi.
Sonnden, 19. September 2021
De Sonndemoien ass et liicht wollekeg bis plazeweis gro, d’Temperature leien tëscht 11 an 13 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 14 a 16 Grad erop. Et zéie vill Wolleken duerch, amt Chance ass mol e sonnege Moment dotëscht méiglech. Mëttes an am Nomëtten ass mat Maximaltemperature vun tëscht 16 a 19 Grad ze rechnen, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Südosten. An de Spëtzten ass e mat 30 km/h ënnerwee. Et gëtt ëmmer méi gro, d’Sonn huet keng sou gutt Chance méi – trotzdeem ass Reen ëmmer nach kee gréissert Thema. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 10 an 13 Grad zréck, et bleift bedeckt.