Weekendwieder: Schéi summerlech

Déi lokal Donnerwiedere vum Mëttwoch a vum Donnëschde hu vir eng kleng Paus vum schéine Wieder gesuergt. Vum Freiden un gëtt et awer Dag vir Dag e Stéck besser.

Um Freiden zéie nach eng Partie Wollécken iwwert den Himmel, woubäi sech d’Sonn awer och tëschenduerch weise kënnt. Bei Temperature vu 24 bis 28 Grad besteht just e minimale Risk vu Schauere, soudass et op de meechte Plaatzen drëche bleiwe sollt. De Wand ass nëmme liicht spierbar ënnerwee an ereecht Spëtzte vu 35 km/h. Um Freidenowend gëtt et zwar manner wolléckeg, allerdéngs kënne Niwwelfelder oder héich Wollécken optrieden. D’Temperature ginn op e Minimum vu 16 bis 8 Grad zréck, lokal gëtt et also nawell e bessi méi kill.


De Samsde ginn d’Wollécke méi dënn a méi kleng, soudass sech d’Sonn besser duerchsetze kann. Et bleift drëchen, daat bei 24 bis 28 Grad. De Wand ass just schwaach ënnerwee. Um Owend an an der Nuecht verschwannen déi wéineg Wollécken, déi eis duerch den Dag begleed hunn, an et klärt op. Doduerch kann et mat 16 bis 8 Grad rem plaatzeweis kill ginn. Um Sonnde gëtt et mat 25 bis 30 Grad nach e gutt Stéck méi waarem an et ass kaum eng Wolléck um Himmel.

Summerlech Woch steet befir

Net nëmmen de Weekend gëtt zouhuelend méi summerlech, mee och déi ustoend Woch. Um Méinden an um Dënschden ass kaum mat Wollécken ze rechnen, 25 bis 30 Grad sinn um Méinden dran. Den Dënschde gëtt laut aktuelle Modellrechnunge mat 20 bis 25 Grad e bësse manner waarem. Vum Mëttwoch un ass awer rem mat kontinuéierlech méi héigen Temperaturen ze rechnen.