Weekendwieder: Um Sonnden erëm bis zu 28 Grad

Bis de Sonnde mat klammen eis Temperaturen, iwwerdeems besteet just eng kleng Schauerwarscheinlechkeet.

Grousswiederlag

De Weekend iwwer gewënnt héije Loftdrock gréisstendeels d’Iwwerhand iwwer Mëtteleuropa. Eng kleng Stéierung gëtt et awer: e klengt Déif iwwer Westfrankräich, wat eis méi fiicht Loftmassen zouspillt. Zesumme mat de méi waarme Loftmasse kann et also virun allem um Sonnde selwer e Stéck méi schmeier zu Lëtzebuerg ginn.


D’Grousswiederlag de Weekend iwwer | Animatioun: wxcharts.com

Freiden, 25. Juni 2021

De Freidemoien ass et wollekeg, d’Temperature leien tëscht 12 a 15 Grad a klammen am Virmëtten op 15 bis 19 Grad erop. Et ännert sech net all ze vill, et besteet eng minimal Warscheinlechkeet vun enger eenzelner Schauer. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 19 an 23 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus West-Südwesten. An de Spëtzten ass e mat 30 km/h ënnerwee. Sonn a méi déck Wolleke wiessle sech of, et bleift gréisstendeels dréchen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 10 an 13 Grad zréck, aus Weste gëtt et ëmmer méi wollekeg mee et bleift dréchen.

Samsden, 26. Juni 2021

De Samsdemoien ass et meeschtens wollekeg, d’Temperature leien tëscht 12 a 14 Grad a klammen am Virmëtten op 17 bis 20 Grad erop. Et bleift wollekeg, et besteet eng kleng Schauerwarscheinlechkeet. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 21 a 25 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach aus Süden. An de Spëtzten ass e mat 25 km/h dobäi. Sonn a Wolleke wiessle sech of, et bleift dréchen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 12 a 15 Grad zréck, ausser dass e puer Wolleken duerchzéie geschitt net vill.

Sonnden, 27. Juni 2021

De Sonndemoien ass et liicht wollekeg, d’Temperature leien tëscht 15 a 17 Grad a klammen am Virmëtten op 20 bis 24 Grad erop. Et bleift gréisstendeels frëndlech bei engem Mix aus Sonn a Wolleken. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 25 an 28 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach aus Südosten. An de Spëtzten ass e mat 30 km/h dobäi. Et gëtt no a no méi wollekeg, am spéidere Nomëtte ka mol eng Schauer oder och e Wieder net ausgeschloss ginn. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 16 a 19 Grad zréck, et gëtt kuerz manner wollekeg.