
D’Muster fir de Weekend ass zwar ëmmer nach dat selwecht, mee et huet sech eppes un der Temperatur- esouwéi Schauerverdeelung geännert.
Advertisement
Generell Situatioun
De Weekend iwwer gi mir vun engem Déifdrockgebitt beaflosst, wat sech iwwert dem südwestleche Frankräich forméiert an a Richtung Westfrankräich zitt. Dëst Déif suergt muer um Samschden fir eng Donnerwiederlag iwwer Frankräich, vun där mir heiheem awer näischt wäerte matkréien. Generell weist sech d’Wieder-Bild bis e Sonnden inclus zimmlech variabel iwwert dem Kontinent, och zu Lëtzebuerg. An awer huet sech elo eppes un der Verdeelung vun de Nidderschléi geännert, esou déi neitst Modeller.
Schauere manner verbreet, och liicht manner mëll
Well et erëm op déi exakt Positioun vum Déif ukënnt, hunn sech am Détail e puer eenzel Saache geännert. Fir muer um Samschde gi vill kompakt Wolleke berechent, dotëscht weist sech d’Sonn och zäitweis. Déi minimal Reewarscheinlechkeet fir den Owend besteet zwar ëmmer nach, mee se ass nach en Tick méi niddereg ginn. Fir e Sonnde gouf gëschter nach berechent, dass sech ronderëmt d’Mëttesstonn e puer Nidderschléi genee iwwer Lëtzebuerg solle forméieren – dem neie Modell-Laf no soll dat just nach vereenzelt geschéien (wann iwwerhaapt), well d’Haaptaktivitéit sech op Deeler vu Baden-Württemberg, Saarland, Rheinland-Pfalz an och Nordrhein-Westfalen verréckelt huet. Méi groussflächeg Nidderschléi gi fir d’Period tëscht dem Méinden (Mëtternuecht) an dem fréie Méindemoie berechent.
D’Temperature packen et um Samschden op tëscht 14 a 19 Grad, e Sonnde ginn tëscht 13 a 16 Grad erreecht – nach gëschter Moien huet et no 21 Grad ausgesinn.