Weekendwieder-Update: “Schéinheetsfeeler” um Sonnden

Mir kucke weiderhin op e rouege Rescht vun der Woch.

Keng gréisser Ännerungen

No dem éischte Bléck op de Weekend vu gëschter huet sech net all ze vill geännert. Et bleift meeschtens frëndlech, just de Sonnde gëtt en tendenziell méi groen Dag. Schwaach Nidderschléi kënne net ausgeschloss ginn.

Freiden, 14. Januar 2022

De Freidemoien ass et den Himmel gréisstendeels kloer, lokal besteet awer och d’Méiglechkeet vu Niwwel. D’Temperature leien tëscht -6 a -2 Grad an der Nordhallschent, an der Südhallschent sinn et -4 bis 1 Grad. Glat Stroosse si net onméiglech. Am Virmëtte klammen dës Wäerter op tëscht -3 an 3 Grad erop – do wou Niwwel entstanen ass, sollt e sech lues a lues opléisen. Soss hu mir et schonn mat frëndleche Momenter duerch Sonn ze dinn. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 5 a 7 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach aus Nord-Nordosten. An de Spëtzten ass e mat 20 km/h ënnerwee. Um Owend an an der Nuecht bleift et roueg a frëndlech, d’Temperaturen zéie sech op tëscht -4 a -1 Grad zréck. Et sinn op e Neits glat Streckenofschnëtter net auszeschléissen, och e puer Niwwelfelder sinn erëm méiglech.

Samsden, 15. Januar 2022

De Samsdemoien ass et kloer bis liicht wollekeg, lokal sinn erëm Niwwelfelder ënnerwee. D’Temperature leien tëscht -4 a -1 Grad, lokal och e bësse méi niddereg. Am Virmëtte klammen dës Wäerter op tëscht -3 a 0 Grad erop. Soubal sech de Niwwel opgeléist huet, kritt sech d’Sonn duerchgesat. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 2 a 4 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach aus Ost-Nordosten. An de Spëtzten ass e mat 20 km/h ënnerwee. Et bleift gréisstendeels frëndlech. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht -2 an 1 Grad zréck, eenzel Niwwelfelder kënnen entstoen.

Sonnden, 16. Januar 2022

De Sonndemoien ass et liicht wollekeg, plazeweis si méi déck Niwwelfelder ënnerwee. D’Temperature leien tëscht -3 a 0 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht -2 a 0 Grad erop. Et gëtt no a no méi gro, dat duerch Héichniwwel a Wollekefelder déi eragezu kommen. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 2 a 4 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Südwesten. An de Spëtzten ass e mat 30 km/h ënnerwee. Et bleift staark bedeckt, dobäi sinn eenzel Nidderschléi a Form vu liichte Schauere net ausgeschloss. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 1 an 3 Grad zréck, et gëtt e bësse manner wollekeg. Niwwelfelder sinn ze erwaarden.