Weekendwieder-Update: Sonnde gesäit weiderhi besser aus

Haut um Samsden erwaart eis mol nach e bësse Reen, zumools am Laf vum spéidere Nomëtte kënnt eis dësen aus nordëstleche Richtunge méi no.

Advertisement

D’Grousswiederlag

Ëmmer nach läit de Fokus um Déifdrockgebitt, wat de Moment iwwer Deeler vu Süddäitschland fir Rekordreen suergt – schwéier Iwwerschwemmunge si virprogramméiert an hunn och schonn ugefaangen. Haut läit Lëtzebuerg genee tëscht dem westlechen Aflossberäich vun dësem Déif, iwwerdeems en Héich, wat südwestlech vun Irland läit, fir Géigenafloss suergt.


De Verlaf vun de Nidderschléi laut ICON-EU-Modell | Animatioun: wxcharts.com

Dohier sinn och bei eis e puer Schauere méiglech, déi awer just am Fall vun enger Ausnam wierklech kräfteg kënne ginn. Muer um Sonnde wandert d’Déif a Richtung Nordosten, et läit also dan och iwwer Deeler vun Tschechien a Polen. Et beweegt sech also dann och méi wäit vu Lëtzebuerg fort, wouduerch et méi frëndlech gëtt.

De Verlaf

Wéi gesot, sinn haut um Samsden nach e puer Schaueren ze erwaarden. Bis ewell, Stand 01.06.2024 13:54 Auer, huet sech d’Aktivitéit nach a Grenze gehalen. Aktuelle Radarbiller no ass awer Reen aus Däitschland ënnerwee. D’Temperature leien tëscht 14 a 19 Grad, mat Chance gëtt iergendwou nach d’20 erreecht. An der zweeter Nuetshallschent gëtt et spéitstens ëmmer méi dréchen.

Muer um Sonnden ass et zwar wuel nach méi laang wollekeg, d’Nidderschléi hale sech awer a Grenzen. Wann iergendwou nach eppes optrëtt, dann mat schwaacher Intensitéit. Am weidere Verlaf vum Dag gëtt d’Wollekendecken a klenge Schrëtt méi dënn, respektiv Wollekelächer komme méi oft vir. 16 bis 19 Grad sinn ze erwaarden, punktuell och erëm 20. Et bleift also op den allermeeschte Plazen dréchen. An der Nuecht op e Méinde kann et esouguer opkläeren, dobäi bleift et ëmmer nach dréchen.