
Stëmmen déi 45°C, déi um Panneau vun der Apdikt oder vu mengem Thermometer um Balkon ugewise ginn? Oder vum Auto? Hannert der Temperaturmiessung stécht vill méi, wéi ee mengt.
Titelbild: allMeteo.com
Advertisement
D’Temperature sinn an dësem Joer e gréissert Thema. Net, well mir et mat enger Hëtztwell no där anerer ze dinn hunn – mee vill méi dowéinst, dass d’Leit sech wënschen, dass et mol héichsummerlech zu Lëtzebuerg gëtt an och bleift. Mee wat heescht “héichsummerlech” iwwerhaapt? Fänke mir mol bei engem meteorologesche Summerdag un: Vun esou engem schwätzt een, wann op d’mannst 25,0°C gemooss ginn. Vun engem meteorologeschen Héichsummerdag schwätze mir, wann d’Wäerter bei mindestens 30,0°C leien. Dëst sinn meteorologesch Definitiounen a Normen – an der präziser Meteorologie bréngt et engem nämlech net vill, wann een mat subjektivem Empfanne schafft. Dat, wat d’Donnéeë soen, ass dat, wat zielt – mee wouhier wees een dann iwwerhaapt, ob déi gemoosse Wäerter iwwerhaapt stëmmen oder plausibel sinn?
Dofir gëtt et d’WMO, also d’World Meteorological Organization. Dës huet verschidde Normen an d’Liewe geruff, wéi déi verschiddenst meteorologesch Parameter ze moosse sinn. D’Zil dovun ass, dass all d’Wäerter vun offiziellen a professionelle Wiederstatiounen op der ganzer Welt matenee vergläichbar sinn. Mat hinne ginn och Wiederprognosen erstallt – a wéi géif een all dat maachen, wann all wichteg Institutioun esou kéint moossen, wéi se grad loscht huet? Et wier e kompletten Duercherneen an d’Wäerter esouwéi och d’Statistike wiere net representativ.

Dohier gëtt d’Temperatur am professionellen an deels och schonn semi-professionelle Beräich a sougenannte “Wiederhütten” oder och an engem Straleschutz gemooss. Ënnert der Wiederhütt versteet een eng wäiss Holzhütt mat Lamellen drun, duerch déi een eng bestänneg Loftzirkulatioun ronderëmt de Sensor erziilt. Zousätzlech bitt dës Hütt och de néidege Schiet – d’Temperatur gëtt nämlech op kee Fall an der praller Sonn gemooss, och net am absoluten Amateurberäich. Dës Wäerter si ni verlässlech. Déi aner Method ass, wéi schonn gesot, e Straleschutz. Dësen ass däitlech méi kleng, mee de System ass de selwechten. Oft sinn dës och mat engem Ventilator versinn, déi dann fir d’Loftzirkulatioun suergen.
Wou dës Sensoren opgestallt ginn, ass och net egal. Der Norm no gëtt d’Temperatur op 2 Meter iwwert dem Buedem gemooss, wäit ewech vun alle méigleche Quellen, déi d’Miessunge kéinte beaflossen. Dozou ziele beispillsweis Hecke, Beem a Gebaier oder soss potenziell Wiermtquellen, wéi Stroossen. Fir genee a representativ Miessungen ze erzilen, ass e Moossfeld vun 10 op 10 Meter optimal, an dat op enger méiglechst fräier Fläch. Enger bekannter Fauschtreegel no soll de nächsten Obstakel, deen potenziell kéint stéieren, op d’mannst 10 mol esou wäit ewech sinn wéi déi Héicht, an där de Sensor ubruecht ass. De Buedem soll eng gréngfläch sinn, am beschten Wiss. Se soll d’Regioun, an där de Sensor steet, esou gutt et geet representéieren.

Souvill zur professioneller Temperaturmiessung. Mee wéi genee ass dann elo mäi normalen Thermometer aus dem Gaart? Wa Dir e Queckselwerthermometer hutt, dann hänkt dësen an de meeschte Fäll un enger Mauer. Dës Miessunge kënne besonnesch dann, wann en am direkte Schiet hänkt, zimmlech akkurat sinn. Wat d’Sonn der Saach awer méi no kënnt, wat och séier dës Genauegkeet ofhëlt. Am Fall vun engem Funkthermometer soll een dësen och iergendwou installéieren, wou d’Sonn net direkt drukënnt. Bei den handelsübleche Sensoren huet een awer dann oft de Probleem, dass een keng gutt Plaz fënnt. Schiet fënnt ee séier, mee wou gëtt et dann och eng Plaz, déi net och nach onnéideg Wiermt ofstralt? An de meeschte Fäll hëlt een dat awer a Kaf, well een als Laien normalerweis keen Interessi dorun huet, extreem präzis Donnéeën ze hunn.

Zumools am Fall vun Hëtzt sollt ee sech, eben duerch Faktoren wéi zousätzlech Wiermtquellen, haaptsächlech trotzdeem op d’Wäerter vu gutt opgestallte Statiounen, meeschtens also professioneller, verloossen. De Wäert aus dem Gaart ass meeschtens just eng Schätzung a kann d’Temperatur un engem waarmen Dag, deemno wéi, 5 bis esouguer 10 Grad ze waarm uweisen, a praller Sonn och däitlech driwwer. Änlech ass et och mat den Thermometeren un den Autoen oder och mat den Unzeigen vun Apdikten.
Fir ofzeschléissen dann och nach d’Umierkung, dass déi aktuell Temperatur, déi engem an de meeschte Standard-Wiederapps um Handy ugewise gëtt, a rare Fäll och wierklech déi aktuell Temperatur duerstellt. Dës baséiert meeschtens just op Berechnungen, déi dovun ausginn, dass et elo, ëm genee dës Auerzäit, esou an esou waarm misst bei Iech sinn. Äre Smartphone kritt déi ugewisen Temperatur vu kengem spezifeschen Thermometer an Ärer Géigend iwwermëttelt, ausser et ass eng dorop spezialiséiert App. Änlech ass et och mat den anere Parameter wéi dem Wiederzoustand, dem Wand oder och der Loftfiichtegkeet. Dat, wat déi meescht Apps un anscheinend aktuelle Wäerter weisen, ass also eng Schätzung a kee reelle Wäert.