Weider Onwiederen erwaart

Mëtteleuropa kënnt net zur Rou. Et muss mat weideren Onwiedere gerechent ginn.

Zanter 01:50 Auer de Moien ass eng Virwarnung op der Warnsäit online. Vir déi Leit, déi et gäre méi genee wësse wëllen, hunn ech en CO (Convective Outlook) verfaasst.

Haaptsächlech kann et rem zu zolittem Staarkreen kommen. Bei méi staarken Zelle klëmmt och de Risk vu Knëppelsteng a staarke Wandstéiss.