De Wochenausbléck: Weiderhi Potenzial vu spierbarem Wand

Déi nei Woch geet ongemittlech un, dobäi ass et och nach zimmlech mëll. An den Deeg drop soll et awer fir eng kuerz Zäit rem méi kill ginn, wouduerch och mol déi eng oder aner Flack net kann ausgeschloss ginn.

Wand leet sech och kuerz

De Méinde kënnt et haaptsächlech an de Moies- a Virmëttesstonne nach zu méi staarke Wandstéiss, déi och mol méi stiermesch ausfale kënnen. Et si Spëtzten tëscht 50 a 70 km/h ze erwaarden, op verschiddene Koppe kann et och mol fir 75 km/h duergoen. Et ass meeschtens gro an et kann ëmmer rem reenen, och am Nomëtten. D’Temperature packen et op 5 bis 9 Grad. De Wand ass méi schwaach ënnerwee a packt et nach op 40 bis 65 km/h. An der Nuecht si bal keng Wolleke méi ënnerwee, et kann also gutt ofkillen. D’Temperature falen op 2 bis -1 Grad, haaptsächlech an den Däller kann et mol glat ginn.

Um Dënschde selwer wiessle sech Sonn a Wolleke bei 3 bis 6 Grad of an et bleift drëchen. Réischt am spéidere Verlaf vum Dag kommen eis déck Wolleken aus dem Weste méi no, déi eis an der Nuecht op de Mëttwoch mol Schauere brénge kënnen. Um Mëttwochmoien ass et dann haaptsächlech gro a naass, d’Temperature leien tëscht 0 a 4 Grad a packen et am Dag net vill méi wäit wéi op 4 bis 7 Grad. De Wand ass, wéi gesot, kee wierklecht Thema méi. An de Spëtzten ass e mat 30 km/h dobäi.

Video vum 08. Dezember 2019

Zweet Woch kéint et rem méi lefteg ginn

Nodeems et vum Dënschde bis den Donneschde gréisstendeels méi kill war, inkl. lokalem Frascht oder och mol där enger oder anerer Schnéiflack an de Nuechten, gëtt et an der zweeter Wochenhalschend méi mëll mee och rem méi lefteg. Mir leien eben ëmmer nach haaptsächlech ënnert enger Westwiederlag, bei där vum Atlantik hier ëmmer rem Déifdrockgebitter eragezu kommen, déi ongemittlecht a lefteg bis eventuell souguer stiermescht Wieder brénge kënnen.

Den Donneschden ass et viraussiichtlech den Dag selwer nach meeschtens drëchen, et gëtt awer schon ëmmer méi wollekeg. D’Temperature packen et op 2 bis 6 Grad, de Wand hält sech nach a Grenzen. Um Owend gëtt et réischt interessant, well do aus aktueller Siicht gesinn e Stuermfeld op Lëtzebuerg gezu kënnt, wouduerch Spëtzte vun tëscht 60 an 80 km/h ze erwaarde wieren. Mat dobäi kënnt zäitweis méi staarke Reen, dee verschiddene Modellrechnunge no an der Nuecht op de Freiden op verschiddene Koppen a Schnéi iwwergoe kéint. Ännerunge sinn awer nach ganz wahrscheinlech. Och de Weekend iwwer soll et meeschtens gro an och lefteg bleiwen, d’Temperaturen hale sech dagsiwwer tëscht 3 an 8 Grad op.