Weltall: Sond OSIRIS-REX enthëlt Prouf vum Asteroid Bennu

Den Asteroid Bennu soll eiser Äerd enges Dags zimmlech no kommen. Fir méi iwwert den Objet erauszefannen, huet d’NASA eng besonnesch Missioun gestart. Déi lescht Nuecht, 4 Joer nom Start, huet d’Sond OSIRIS-REX en Touchdown um Asteroid absolvéiert. Titelbild: NASA

D’NASA schreift Geschicht

Och wann de Risk vun engem Impakt vum Asteroid BENNU op der Äerd als éischter geréng anzestuufen ass, wëll d’Nasa den Asteroid trotzdem méi genee ënner d’Lupp huelen – en ass ëmmerhin als Potentially Dangerous Object agedroen.

Um spéiden Dënschdenowend/Nuecht op de Mëttwoch eiser Zäit ass et déi éischte Kéier an der Geschicht vun der NASA gelong, eng Prouf vun engem Asteroid ze enthuelen. Am Joer 2023 sollen déi gesammelt Partikelen per Fallschirm erëm op der Äerd ukommen. D’Sond OSIRIS REX ass den 8. September 2016 op seng Rees geschéckt ginn an ass no 2 Joer am Orbit vum BENNU ukomm. Et sollt dunn nach 2 weider Joren dauere, bis en definitiv no genuch um Objet war.


Animatioun: NASA

Laange Fluch, kuerzt Geschéien: d’Manöver, fir mam Roboter-Aarm en Touchdown um Asteroid auszeféieren, dauert e puer Stonnen – d’Ophuele vun der Prouf awer nëmmen ongeféier 5 Sekonnen. Et gëtt ënner Drock gesate Stéckstoff ausgestouss, wouduerch d’Prouwen duerch e bestëmmte Mechanismus vun de Filteren/Behälter opgefong ginn. 60 bis 2.000 Gramm soll dës Prouf weien. Wat d’Missioun nach méi komplizéiert gemaach huet: den Asteroid, a sou och d’Sond, si momentan ganz 290 Millioune Kilometer vun der Äerd ewech. D’Signal fir d’Missioun ze steieren huet dowéinst en Delay vun ongeféier 16 Minutten.


D’Ophuele vun de Prouwen visuell duergestallt | Animatioun: NASA

De BENNU ass ee vun de geféierlechste bekannten Asteroiden

De BENNU, deen den 11. September 1999 am Kader vum LINEAR-Projet entdeckt gouf, zielt zu de geféierlechste bekannten Asteroiden. En huet en Duerchmiesser vu ronn 550 Meter a kéint eiser Äerd a méi wéi 150 Joer, wat astronomesch Verhältnisser ugeet, zimmlech no kommen. De Risk vun engem Impakt gëtt als kleng agestuuft, an awer ass den Objet fir d’NASA immens interessant. Duerch d’Missioun gi sech net nëmmen Donnéeën iwwert den Asteroid selwer erwaart, mee och Informatiounen iwwer d’Entstéiung vum Sonnesystem – Asteroide si nämlech dat, wat vun der Entstéiung iwwrëg bliwwen ass.

D’Amerikaner sinn awer net déi éischt, déi mat engem Fluchkierper op en Asteroid geflu sinn a Prouwen entholl hunn: Am Joer 2005 ass déi japanesch Raumsond Hayabusa um Asteroid ITOKAWA ukomm an huet eng änlech Missioun absolvéiert, wéi d’OSIRIS-REX elo mam BENNU.