Wënscht Iech eppes: Lyriden areechen hire Maximum

D’Lyride sinn all Joers tëschent dem 16. a 25. Abrëll aktiv. De Maximum gëtt an der Nuecht op de Mëttwoch (21. Abrëll op den 22. Abrëll) areecht.

Bis zu 50 km/Sekonn…

…dat ass d’Vitesse, mat där d’Partiklen aus dem Weltall an eis Atmosphär andréngen a vergléien. Bis zu 20 Stäreschnäize kann een an der Nuecht vum Dënschden op de Mëttwoch gesinn, mat Chance awer och e puer méi. Déi tatsächlech Unzuel variiéiert vu Joer zu Joer. Ongeféier all dräi Minutten ass eng Stäreschnäiz ze gesinn.

D’Lyride staamen aus dem Stärebild Lyra (Leier). D’Stärebild steet an der Nuecht um nërdleche Firmament. D’Liichtverhältnisser si gutt, well mir et gläich mat engem Neimound ze dinn hunn – de Mound gëtt also net vill Hellegkeet of, wouduerch d’Liicht dovu net d’Liicht vun de Stäreschnäizen iwwerblend. Fir d’Lyriden am beschten ze beobachten, sollt ee sech op eng däischter Plaz beginn, déi wäit wech vun all méigleche Liichtquellen ass (ausserhalb vum Duerf etc.). Et sollt ee séngen Aen am Ufank och e bëssen Zäit ginn, sech un d’Däischtert ze gewinne, well een dann méi Stären an eben och Stäreschnäize gesäit. Am comfortabelsten ass et souguer, sech dat Ganzt am Leien unzekucken – dat mat Bléck a Richtung Nordhimmel.

Wéi gëtt d’Wieder?

An der Nuecht op de Mëttwoch ass den Himmel meeschtens kloer, et zitt allerhéchstens mol eng harmlos Wollek duerch.

D’Temperature falen op 10 bis 7 Grad. Op eenzelne Plazen, wéi eben Däller, kann et lokal och bëssen drënner goen.