Dëst ass e weideren Update zur markanter Wiederlag, déi sech an der neier Wiederwoch iwwert dem Kontinent wäert astellen. Punktuell besteet de Risk vun zolitten Onwieder mat gréissere Knëppelsteng, Stuerm a Staarkreen.
Advertisement
Eng Déifdrockzon mat fiichtwaarme Loftmasse forméiert sech
Déi nei Wiederwoch stellt sech an de Modellkaarten ëmmer méi als eng zimmlech interessant mee awer och komplex Wiederlag eraus. De Moment ass sech amgaangen, eng Déifdrockzon iwwert de Westen a Südweste vun Europa ze leeën, iwwerdems héije Loftdrock iwwert dem Mëttelmierraum an Deeler vun Osteuropa läit. Well Déifdrockgebitter géint d’Auer dréinen an Héichdrockgebitter mat der Auer ergëtt sech doduerch ëmmer méi eng Südweststréimung, déi eis zwar engersäits waarm Loftmassen aus dem déiwe Süden mee anerersäits och fiicht Loftmasse vum Atlantik hier bréngt.
Dës Zon mat déiwem Loftdrock ass vum Méinden un aktiv a wäert bis e Freiden inclus op eise Wiederkaarte bleiwen, iwwerdeems se awer no a no weider a Richtung Nordoste wandert. Innerhalb vun dëser Déifdrockzon kënnt et och zu weidere, klengen agelagerten Déifdrockkären esouwéi Konvergenzzonen, un deenen de Wand openeestréimt an doduerch d’Entstoe vu weidere kräftegen Donnerwieder begënschtegt gëtt. Ouni exakt Géigenden ze nennen, betrëfft dës Onwiederlag grouss Deeler vu West- esouwéi Mëtteleuropa.
Fiichtwaarm Loft trëfft op grouss Instabilitéit & gutt ausgepräägt Wandscherung
All d’Modeller si sech driwwer eenz, dass d’Konditiounen fir zolidd Phänomeener iwwer Deeler vum Kontinent leider ganz gutt wäerten iwwerteneepassen. Engersäits hu mir vill Waasser an der Loft, wat sech bei dësen Donnerwieder kann entlueden. Mat dobäi kënnt och eng héich Loftfiichtegkeet op Buedemhéicht, wat zousätzlech eng gutt Viraussetzung fir markant Entwécklungen ass. D’Instabilitéit ass och deels immens grouss, de Moment gi fir en Dënschden an och en Donneschde plazeweis 2000 bis 4000 J/kg berechent. Ergänzend dozou kënnt dann och nach eng markant Wandscherung, wat heescht, dass sech de Wand an den ënneschte Loftschichten mat senger Richtung an och Vitesse markant ännert. Fir dës Loftmassen an d’Luucht ze hiewen, hu mir am Verlaf vun den Deeg genuch Geleeënheeten, eben duerch déi ugeschwat Déifdrockkären a Konvergenzzonen.
Dëst si leider gutt Viraussetzungen fir zolidd Donnerwieder mat superzellulärem Charakter. Zolitte Staarkreen, Stuermstéiss bis fläit esouguer Orkanstéiss a Knëppelsteng mat méi wéi 4 cm am Duerchmiesser wieren aktuellem Stand no op alle Fall méiglech. Well d’Wandscherung esou gutt ausgepräägt ass, kann och den een oder aneren Tornado entstoen.
Wéi wierkt sech dat op Lëtzebuerg aus?
Natierlech ass eng Aschätzung vun de geneeë Gebitter aktuell nach schwiereg, mee eist Ländchen läit och an dëser Risikozon mat dran. Fir muer um Méinde sinn haaptsächlech vill Schaueren ze erwaarden, dat engt oder anert Donnerwieder ass net ausgeschloss. Et sinn awer nach net déi idealst Loftmassen fir onwiederaarteg Entwécklungen – heescht: et hält sech mol nach a Grenzen.
Méi spannend soll et fir en Dënschde ginn, well sech dann déi ugeschwat Wandscherung richteg gutt wäert iwwer Deeler vu BeNeLux entwéckelen. Vum zentrale Frankräich hier iwwert d’Belsch, Lëtzebuerg, Süde vun Holland a virun allem Weste vun Däitschland wiere PUNKTUELL zolidd Entwécklunge méiglech. Am weidere Verlaf vum Dag géif sech d’Aktivitéit weider an d’Mëtt vun Däitschland esouwéi och bis an de Norden ausbreeden. An der Nuecht op de Mëttwoch deiten eenzel Modeller op e Neits nei Dimmeren aus Frankräich un, déi un der Grenz zu Lëtzebuerg kéinten entstoen.
De Mëttwoch soll e méi rouegen Dag ginn, et mëscht sech kuerz liichten Héichdrockafloss an, deen um spéideren Owend resp. an der Nuecht op den Donneschden erëm kéint briechen – eenzel Modeller rechne kräfteg Donnerwieder. Um Donneschde spillt awer d’Haaptmusik, well do déi am Ufank genannt Zutaten all beieneekommen – et wees just nach keen esou richteg, wou dat wäert de Fall sinn. Mat dobäi kënnt de Faktor Saharastëbs, duerch deen d’Sonnenastraalung an domat och d’Energie kéint gedämpft ginn. Dem aktuelle Stand no soll et awer iergendwou iwwert dem Norden/Nordoste vu Frankräich, BeNeLux an och der Südhallschent vun Däitschland méi färem kraachen – inkl. dem Risk vu grousse Knëppelsteng, Stuerm- bis Orkanstéiss an zolittem Reen.
Fazit
D’Berechnunge fir déi nächst Deeg mussen op alle Fall am Aen gehale ginn. Denkt awer drun, dass Lëtzebuerg en immens klengt Land ass an et dohier immens schwéier ass, genee räimlech Agrenzungen ze maachen – virun allem, well et sech heibäi ëm iwwerregional Donnerwiederlagen handelt. Den Dënschden an den Donneschde gesi bis ewell fir eis am “interessantsten” aus.