D'nächst Woch hu mir, wéi elo schonn eng gutt Zäit beschwat, e Wiederëmschwong ze erwaarden, deen och eng gewëss Spannung mat séch bréngt. An dësem Artikel konzentréiere mir eis awer haaptsächlech dorop, wéi naass et gëtt.
Advertisement
Advertisement
Den Ëmschwong kënnt
Nach hu mir et mat héijem Loftdrock ze dinn, mee domat wäert spéitstens en Dënschde Schluss sinn. Wéi an de leschten Artikelen beschriwwen, kréie mir et dann mat engem gréisseren Déifdrockkomplex ze dinn, deen mat sengem Kär iwwert dem nërdlechen Atlantik esouwéi och dem skandinavesche Raum läit.
Zur selwechter Zäit läit iwwert dem Ostatlantik e grousst Héich, deels esouguer mat engem Kärdrock vun 1050 hPa, wat fir immens grouss Drockënnerscheeder suergt. Doduerch kënnt eng Déifdrockstrooss zustanen, duerch déi eis zimmlech variabelt Wieder usteet. Dohier freet ee sech berechtegt, wéi naass d’Woch kéint verlafen.
D’Modeller ënnert sech
Mir vergläichen elo mol e puer vun de Modeller, déi schonn esou wäit kënne rechnen.
- GFS: 20 – 36 l/m²
- ECMWF: 40 – 60 l/m²
- Swiss-MRF (Kachelmannwetter): 15 – 35 l/m²
Mat dësen dräi Modeller kéime mir op en Duerchschnëtt vun tëscht 25 a 44 l/m². Dëst géif op alle Fall enger naasser Woch entspriechen, ongewéinlech wier dat awer net onbedingt fir d’Joreszäit.
D’Andeelung
Wéi gesot, si mir am Ufank mol nach ënner Héichdrockafloss. Tendenziell vum Dënschdenomëtten un gëtt et ëmmer méi naass, an da gëtt et bis de Weekend inclus ëmmer erëm naass. A wéi enger Form dat wäert sinn, do si sech d’Modeller nach net esou ganz eenz. Den amerikanesche Modell ass vu Schnéi op Reen geflipped, den europäesche Modell gesäit elo Schnéischaueren amplaz Reen. De Schnéi ass also ëmmer nach net ganz vum Dësch, mee och a Saache Stuerm musse mir d’Kaarten am Aen halen.