fir d’lescht aktualiséiert: 20. Januar 2021 – 03:21 Auer
Prognos fir de Mëttwoch, 20. Januar 2021
Resumé
Gréisstendeels bedeckt, just mat Chance mol e kuerze sonnege Moment méiglech. Et besteet eng kleng Schauerwarscheinlechkeet.
7° bis 11°C
20 km/h
60 km/h SSW
0,1 bis 0,5 l/m²
50 %
Resumé
Staark bedeckt an et reent. De Wand hëlt weider zou a kann a Richtung fréien Donneschdemoie Spëtzte vun tëscht 70 a 90 km/h areechen. Warnhiweiser sinn aktiv.
6° bis 10°C
35 km/h
85 km/h SSW
1 – 3,6 l/m²
85 %
Den Détail
De Mëttwochmoien ass et staark bedeckt, eenzel Niwwelfelder kënne net ausgeschloss ginn. D’Temperature leien tëscht -1 an 2 Grad, lokal och mol bei ëm 3 Grad. Et besteet de Risk vu lokal glate Streckenofschnëtter. Am Virmëtte klammen d’Temperaturen op 3 bis 5 Grad erop, aus Weste gëtt et no a no méi naass. Mëttes an am Nomëtten ass mat Maximaltemperature vu 7 bis 11 Grad ze rechnen, de Wand bléist spierbar aus Süd-Südwesten. An de Spëtzten ass en zäitweis mat bis zu 60 km/h dobäi. Et bleift bedeckt, mee et gëtt manner oft naass. Um Owend an an der Nuecht pendle sech d’Temperaturen tëscht 6 an 10 Grad an, aus Weste gëtt et erëm méi naass an och méi lefteg/stiermesch. A Richtung fréien Donneschdemoie si stiermesch Wandstéiss bis Stuermstéiss vun tëscht 70 a 90 km/h méiglech.
Prognos fir den Donneschden, 21. Januar 2021
Resumé
Um Moien an um Owend stiermesch, genee sou wéi et zu de genannten Zäiten och am grosten a naassten ass. Dotëscht, also dagsiwwer, ass et méi roueg an zäitweis sinn och kuerz sonneg Momenter méiglech.
7° bis 11°C
20 km/h
85 km/h SSW
2 – 5 l/m²
75 %
Resumé
Et gëtt erëm méi ongemittlech, dat duerch Reen a stiermesche Wanf bis hin zu Stuerm.
5° bis 8°C
40 km/h
95 km/h SW
2 – 6 l/m²
85 %
Den Détail
Den Donneschdemoien ass et staark bedeckt an et reent, dat och méi staark. D’Temperature leien tëscht 5 an 10 Grad, et ass mat stiermeschem Wand bis hin zu Stuerm ze rechnen. An de Spëtzten ass e mat 70 bis 90 km/h ënnerwee. Am Virmëtte klammen d’Temperaturen op 4 bis 10 Grad erop, et gëtt no a no manner lefteg. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 7 bis 11 Grad areecht, de Wand bléist kuerz manner staark an ass an de Spëtzte mat ëm 50 km/h ënnerwee. Et kann och zu méi frëndlechen a sonnege Phase kommen, déi awer séier eriwwer sinn. Um Owend an an der Nuecht gerode mir ënnert en anert Wandfeld vun engem Randdéif, duerch dat nach eng Kéier Spëtzte vun tëscht 70 a 90 km/h méiglech sinn – deemno wéi och driwwer. De Reen kënnt zréck aus Westen.
Prognos fir de Freiden, 22. Januar 2021
Resumé
Et bleift gréisstendeels bedeckt, ofgesinn vun de fréie Moiesstonne sollt sech de Reen wäitgoend zréckhalen.
4° bis 8°C
15 km/h
40 km/h SW
0,3 – 0,7 l/m²
40 %
Resumé
Gro duerch Wolleken a Niwwel, minimale Fisemreen méiglech.
0° bis 3°C
15 km/h
30 km/h SW
0,3 – 0,6 l/m²
40 %
Den Détail
De Freidemoien ass et staark bedeckt, et si nach lescht Schauere méiglech. D’Temperature leien tëscht 3 a 7 Grad a klammen am Virmëtte net vill méi wäit. Et bleift bedeckt an elo och gréisstendeels dréchen. Mëttes an am Nomëtten ass mat Maximaltemperature vu 4 bis 8 Grad ze rechnen, et bleift bedeckt mee gréisstendeels dréchen. De Wand bléist schwaach bis zäitweis liicht spierbar aus Südwesten. An de Spëtzten ass e mat 40 km/h ënnerwee. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 3 bis 0 Grad zréck, et kënnt zu Niwwelfelder a liichtem Fisemreen. Duerch Nätzt déi fréiert si glat Stroosse net auszeschléissen.