Wiederwarnung: Stuermfeld duerch Randdéif um Samsden

De Samsdemoien zitt e Randdéif knapp nërdlech u Lëtzebuerg laanscht, wouduerch de Wand markant zouhuele wäert.

Stiermesch bis Stuerm

Schon um Freiden ass am Laf vum Dag mat stiermesche Wandstéiss vun em 65 km/h aus westleche Richtungen ze rechnen, op exponéierte Plaze kënne 70 km/h och net ganz ausgeschloss ginn. Begleet gëtt dat ganzt vu ville Wolleken a Schaueren – woubäi et an der Nuecht op de Samsden awer fir eng kuerz Zäit net méi grad esou vill reene sollt.

Um Samsdemoie gëtt et réischt richteg interessant. Mir geroden an d’Stuermfeld vum Randdéif, wat mat séngem Kär knapp nërdlech u Lëtzebuerg laanschtzéie wäert. An der Moyenne rechnen d’Modeller mat Wandspëtzte vun tëscht 70 a 85 km/h, op exponéierte Plazen oder och a Schauergéigend sinn och em 90 km/h net ganz onméiglech. Iwwerdeems reent et ëmmer rem, dat och mol méi kräfteg. Et ass mat dreckege Stroossen ze rechnen, déi d’Fuerkonditioune beaflosse wäerten. Et kënne Beem, Äscht an och aner Géigestänn an d’Stroosse falen. Och am Virmëtte kann et nach zu de genannte Spëtzte kommen, am Nomëtte leet sech de Wand awer a klenge Schrëtt. Zwar ass e nach mat Spëtzte vu bis em 70 km/h spierbar ënnerwee, mee gëtt no a no manner warnrelevant.

Video vum 12. Dezember 2019

Nachemol kuerz méi lefteg an der Nuecht op de Sonnden

Verschiddene Modellrechnunge no soll de Wand an der Nuecht op de Sonnde rem kuerzzäiteg zouhuele kënnen. Haaptsächlech op de Koppe si nachemol Spëtzte vun em 75 km/h aus Südweste méiglech.