Wiederwarnung wéinst Dauerreen a Risk vun Donnerwieder an der Groussregioun

Et huet sech an Tëschenzäit eng massiv Loftmassegrenz opgebaut, duerch déi besonnesch vun der Nuecht un bis muer muer den Owend mat Dauerreen & och mol méi kräftegen Donnerwieder ze rechnen ass.

D’Situatioun

Iwwert der südlecher Hallschent vu Norddäitschland läit eng Loftmassegrenz, déi sech och iwwer BeNeLux esouwéi Deeler vu Polen an Tschechien leet. Se trennt fiichtwaarm Loftmassen aus dem Süden vun däitlech méi kille Loftmassen, déi aus dem héije Norden entgéintdrécken. Dëst sinn déi perfekt Zutaten dofir, dass sech groussflächeg a laang unhalend Nidderschléi forméieren. Betraff ass eng breet Sträif vu BeNeLux hier eriwwer iwwer d’Mëtt vun Däitschland – ebe net wäit wech vun deem Beräich, an deem d’Loftmassegrenz verleeft.


D’Gebitt vum Dauerreen (giel) mat engem integréierte Beräich fir d’Warscheinlechkeet vu PUNKTUELL méi kräftege Schliet/Donnerwieder | Kaart: Météo Boulaide / openstreetmap

Déi berechent Reequantitéiten

D’Modeller gi mat hire Berechnungen zwar ëmmer nach e Stéck auserneen, allerdéngs ass d’Warscheinlechkeet, dass eng definéiert Warnschwell erreecht gëtt, net all ze kleng. An Zuele schwätze mir vun tëscht 20 a 40 l/m², déi dem Gros vun de Modeller no an eiser Géigend méiglech sinn. Eng Rëtsch aner Modeller gesinn awer och eng bestëmmt Tendenz, dass dat Ganzt nach e Stéck méi wäit a Richtung Osten ofdrifte kéint. Wéi genee et kënnt, gesäit een also eréischt, iwwerdeems sech d’Situatioun entfaalt. Opgrond vum Potenzial awer, gëtt Météo Boulaide eng Wiederwarnung vun der gieler Stuf eraus. Wa net groussflächeg, sollt se op mannst punktuell zoutreffen.

Och a Richtung Saarland, Rheinland-Pfalz, südlecht Nordrhein-Westfalen, Hessen, nërdlecht Bayern, Thüringen a Sachsen besteet de Risk vu warnrelevante Situatiounen duerch Dauerreen.

Och Donnerwieder méiglech

Eppes, wat d’Warnung punktuell och rechtfäertege Wäert, ass d’Optriede vu vereenzelten Donnerwieder, déi et awer och a sech kënnen hunn. Dobäi wier mat Staarkreen ze rechnen, och Knëppelsteng wieren am Fall vun engem Wieder net ausgeschloss.

Fazit

Et gëtt, egal wéi, e naasse Mëttwoch. Op mannst lokal sollt een mat gréisseren Zomme rechnen, am Worst Case och méi groussflächeg inkl. agelagerten a méi kräftege Schliet wéi engem Donnerwieder. Aquaplaning ass méiglech, esouwéi och am schlëmmste Fall kleng Iwwerschwemmungen.