Wochenausbléck: Et gëtt méi wanterlëch

E kräftëgt Héich iwwert dem Atlantik an en Déif iwwer Osteuropa suergen am Laaf vun der Woch dovir, dass polar Loftmassen op Lëtzebuerg kommen.

D’Temperature ginn zréck

Dës Woch wärt sech gréisstendeels gro an ëmmer rem naass gestalten – trotzdem kann et dotëschent heiansdo zu sonnëge Momenter kommen.

Um Méinden an um Dënschden hu mir et mat ville Wollécken ze dinn, duerch den Dag verdeelt si vereenzelt a schwaach Nidderschléi ze erwaarden. Duerch Temperaturen, déi tëschen 2 a 6 Grad leien, kënnt daat meecht als Reen eroof an iwwer glaat Stroosse brauch ee sech vir d’Éicht mol keng Gedanken ze maachen. An der Nuecht op den Dënschde leien d’Werter souguer tëschen 3 a 7 Grad, et ass also méi mëll wéi am Dag.

Interessant gëtt et ab dem Mëttwoch: Mir hunn e staarkt Héich iwwert dem Atlantik an en Déif iwwer Osteuropa. Dës Konstallatioun féiert dozou, dass polar Loftmassen aus dem Norden a Richtung Mëtteleuropa gelenkt ginn. Déi zwee Drockgebitter gräife quasi wéi en Zännrad aneneen, déi d’Loftmassen tësche sech duerchdrécken. D’Konsequenz wärt sinn, dass et a ganz Mëtteleuropa mol méi kaal gëtt. D’Temperature wärte bei eis op ëmt de Gefréierpunkt am Dag zréckgoen, an de Nuechten drënner. Vir d’Alpe souwéi och de Süde vun Däitschland heecht dëst, dass et nachengkéier zu signifikante Schnéiquantitéite komme kann.

Drockverdeelung an Temperatur an 850 hPa (wxcharts.eu)


Net vill Schnéi a Siicht

Nachengkéier vill Schnéi un/an den Alpen, mee waat ass mat Lëtzebuerg? Ab dem Dënschdenomëtte klëmmt bei eis d’Wahrscheinlechkeet vun e puer Schnéischaueren, zumools an der Nuecht op de Mëttwoch schéngt et aktuelle Modellrechnunge no bësse wäiss ze ginn. Bis de Freide kënnen ëmmer rem e puer Schnéiflacken eroofkomme, mee wéi et de Moment ausgesäit ass dëst meechtens op de Koppen de Fall. Am Guttland schéngt et a Saache Schnéi méi schwierëg ze ginn, soudass een éichter mat enger Mëschung aus Reen an eenzelne Flacke rechne sollt.

Iwwert de Weekend soll et rem méi waarem ginn, soudass d’Wahrscheinlechkeet vu Schnéi rem méi kleng wärt ginn. Daat lescht Wuert ass awer nach net geschwaat – d’Météo Boulaide Websäit gëtt stännëg aktualiséiert soudass Dir näischt iwwert dëst Thema verpasse wärt.