Wochenausbléck: Staark schmeier an Donnerwiederrisk

D’Loftmasse ginn zouhuelend méi fiicht. D’Wahrscheinlechkeet vu lokale Schaueren an deels méi kräftegen Donnerwiedere klëmmt parallel.

Zäitweis a lokal begrenzt Risk vu Wiederen

No Maximaltemperature vun iwwer 30 Grad (Bartreng 31,4°C) gëtt et an der neier Woch net méi grad esou waarm. Et wärt sech vum Gefill hier awer net vill änneren, well et e gutt Stéck méi fiicht wärt sinn. Et gëtt richteg dompech, an zwar sou, dass et scho bal onangenehm ass. Bei nach e puer sonnege Momenter kann et tëschenduerch mol zu enger Schauer oder och engem Donnerwieder kommen.

Um Méindemoie gëtt et lokal begrenzt naass, am Dag selwer soll et awer meechtens drëche bleiwen. D’Temperature klammen op 18 bis nachemol 25 Grad, déi sech opgrond vun der Fiichtegkeet méi waarm ufille wärten. Et besteet zwar ëmmer nach de Risk vun engem Wieder, déi meecht Aktivitéit zitt awer u Lëtzebuerg laanscht an entfaalt sech iwwert der Mëtt vun Däitschland.

Um Dënschde gëtt et zu Lëtzebuerg a Saachen Donnerwiedere scho méi interessant. D’Temperaturen areechen e Maximum vu 24 bis 29 Grad, déi sech extrem schmeier ufille wärten. De Wand bléist meechtens nëmme liicht spierbar aus Südosten a packt et op 30 km/h. Verschidde Modeller rechnen ab dem Nomëtten aus westleche Richtung kommend Donnerwiederen, déi zolitt ausfaale kéinten. Knëppelsteng, staarke Wand a Staarkreen géifen en Thema ginn, sollten se wierklech bei eis opkräizen. Um Owend an an der Nuecht geet d’Aktivitéit ëmmer méi wäit zréck. Um Mëttwoch ass d’Wahrscheinlechkeet vu Wiederen am grousse Ganzen rem bësse méi niddreg, soudass et meechtens drëche bleiwe sollt. Réicht ab dem spéideren Owend/an der Nuecht op den Donneschde kéint eis en Donnerwiedersystem erfaassen.

De Verlaf vun uewen: Waarm, mee variabel (wxcharts.com)

Wéi geet et virun?

Um Donneschde wiessle sech Sonn a Wollécken of, bei 17 bis 22 Grad bleift et meechtens drëchen an d’Loft ass mol rem bësse méi angenehm. Dat awer och net vir all ze laang: Um Freide gëtt et rem méi schmeier, am Nomëtte besteet rem d’Wahrscheinlechkeet vun eenzelne Schaueren an Donnerwiederen. D’Temperature klamme bei 21 bis 26 Grad rem op summerlech Wäerter.

Ab dem Weekend sollt déi fiichtwaarem Loft endgülteg verdriwwe sinn, soudass ee rem bëssen duerchotme kann. Et gëtt nach 14 bis 18 Grad warm, dat bei engem Sonn- Wolléckemix.

An duerno? Eenzelne Modellrechnunge no soll et ab dem Sonnden/dem Méinden drop rem ufänke richteg waarm ze ginn. Den Trend ass awer nach net confirméiert.