Wochenausbléck: Wanterwieder verzitt sech, däitlech méi mëll

De Weekend konnt sech de Wanter, also waat de Schnéi ugeet, mol engkéier duerchsetzen. Sou séier wéi e komm ass, verschwënnt en awer och rem. Dës Woch gëtt et nämlech méi mëll.

E puer wéineg Nidderschléi

Och wann et méi waarem gëtt, starte mir nawell richtëg gro an déi nei Woch eran. Um Méinde hu mir et mat Niwwelfelder, mee awer och méi décke Wollécken ze dinn. An der Fréi leien d’Werter bei 2 bis 4 Grad, am Nomëtte ginn 3 bis mëll 7 Grad ereecht. Iwwerdems ass och mol déi eng oder aner kleng Drëps dobäi, déi awer keng nennenswert Quantitéite mat sech brénge wärt.

Um Dënschde gëtt e Stéckche méi angenehm dobaussen. Bis an de Nomëtten era musse mir eis nach mat engem groen Himmel zefriddeginn, ier d’Sonn hier Chance notzt a sech ëmmer besser duerchgesaat kritt. D’Temperature packen et op 3 bis 5 Grad, daat bei engem schwaache Südostwand. Um Mëttwoch erwaart eis rem en Ëmschwong, e Frontesystem zitt nämlech iwwert eis ewech. Den een oder anere Liter Reen wärt bei Temperature vu 5 bis 9 Grad eroofkommen.

Den Détail iwwert de Wochestart fannt Dir ënnert dësem Link.

Wéi geet et weider?

Et ass mat enger net all ze grousser Ännerung ze rechnen. D’Temperature wärten ab dem Mëttwoch weiderhi liicht klammen, aus aktueller Siicht gesi kéinten de Freiden oder de Samsde souguer lokal 10 Grad ereecht ginn. Et schéngt och méi oft ze reenen, bis de Sonndë sollen ëm 17 l/m² eroofkommen.