Wochenausbléck: Zwar manner Reen, mee méi kill

Mir hunn e stiermësche Weekend hannert eis. Zwee mol, engkéier um Freiden an och um fréie Sonndëmoie, war Beetebuerg Spëtzereider a Saache Wandspëtzten. Bis zu 91 km/h konnte bei maximal ugesooten 70 bis 90 km/h ereecht ginn. Déi nächst Deeg gi manner stiermësch, mee méi kaal.

Mix aus Sonn, Wollécken & eenzelne Schaueren

Nodeems et de Weekend vill gereent huet, geet et elo mol méi rouëg an déi nei Woch eran.

Haut um Méinde sinn eng Partie Wollécken ënnerwee, zäitweis ka mat Chance awer och den een oder anere sonnëge Moment virkommen. Am Nomëtte gëtt et zwar rem bësse méi wolléckeg, Schauere sollten awer gréisstendeels ausbleiwe bei Maximaltemperature vun 3 bis 7 Grad. De Wand berouëgt sech och bëssen a bléist nach mat Spëtzte vu 50 km/h aus West-Nordwesten.

Den Dënschde si rem méi Wollécken ënnerwee, Nidderschléi trieden awer ëmmer nach just vereenzelt op. Duerch Temperaturen, déi am Norde bei 2 Grad an am Süde bei ëm 5 Grad leie, kann et virun allem op de Koppe vum Land zu ganz vereenzelten an eenzelne Flacke kommen. Dëst ass awer kee Wanterabroch. Um Mëttwoch wiessle sech Sonn a Wollécken of a bei 1 bis héchstens 4 Grad ass de Schauerrisk nëmme geréng.

Zweet Wochenhalschend méi gro

An der zweeter Wochenhalschend ass, zumindest den aktuelle Modellrechnunge no, mat enger klenger Ännerung ze rechnen. Et ass am grousse ganze méi gro, dobäi kënnt et och zu Schaueren.

Den Donnëschden zitt z.B am Laaf vum Dag eng Front aus Westen an d’Land eran, déi duerch Temperature vu 0 bis 3 Grad e puer Schnéischauere brénge kann. Och op de Stroosse kann et also zu wanterlëche Konditioune kommen. An den Deeg drop ginn d’Temperature nach e klengt Stéckchen eroof, mee do wärt d’Dageszäit driwwer entscheeden, ob de Nidderschlag als Schnéi oder Reen eroofkënnt. Daat kënnt doduerch, dass d’Temperaturen am Dag nach am Plus leien an am aller wahrscheinlechste just an de Nuechten am Minusberäich wärte sinn.