Ze drëchen: Erhéicht Bëschbrandgefor

Summerlëcht Wieder ass schéin a gutt, mee daat bréngt och negativ Saache mat sëch: Ët ass ze drëchen dobaussen, soudass de Risk vu Bränn liicht erhéicht ass. Zu Mettlach, direkt hannert der

Grenz an Däitschland, koum ët gëschter beispillsweis schon zu engem Flächebrand.

Bei Wiederlage wéi am Moment gëllt ëmmer:

  • keng Zigretten an de Bësch geheien
  • Fëmmen an der Natur vermeiden
  • Keen oppent Feier am Bësch oder op enger Wiss

E mëttlere Risk vu Bränn wärt nach bis de Sonndën bestoen, ier en um Méinden däitlëch zréckgeet. Ab der neier Woch ass nämlech mat méi niddrëgen Temperaturen ze rechnen.