
Iwwerdeems iwwert déi ganz Nordhallefkugel verdeelt nei Hëtzt-Rekorder falen, ass gëschter eng zolidd Onwiederfront iwwert d’Alpen ewechgezunn. Zu Innsbruck goufe Wandvitessen vun 163 km/h gemooss.
Op e Neits Onwieder an Éisträich
E Méindenowend ware schonn méi zolidd Onwieder ënnerwee, dat besonnesch iwwer Kärnten wou e Schued am Milliouneberäich entstane war. Gëschter en Dënschden huet et haaptsächlech Salzburg, Tirol a nachemol Kärnten getraff, eng grouss Onwiederfront ass eng Kéier vu West no Ost gezunn.
Zu Tirol war d’Gemeng Silz am meeschte betraff. Fir d’Mënschen viru ronderëmfléienden Deeler vun Diecher & Géigestänn ze schützen, war esouguer kuerzzäiteg eng Zivilschutzwarnung aktiv. Et koum, esou Medieberichter no, op där Plaz glécklecherweis zu kenge Blesséierten.
This is the original shootage taken by one of our members in Santo Stefano di Cadore.
Skittles-like trees falling during the storm. pic.twitter.com/5KBpwGEp5m
— Alpine-Adriatic Meteorological Society (@aametsoc) July 18, 2023
D’Onwiederfront huet net nëmmen op de Bierger fir schwéiere Stuerm gesuergt, mee och an den Däller. D’Statioun Innsbruck-Kranebitten stécht besonnesch eraus, do war nämlech wärend dem Passage vun der Front en extreemen Orkanstouss vun 163 km/h opgetrueden. D’Statioun läit op 578 Héichtemeter. Un der Statioun Innsbruck selwer war de Wand mat 115 km/h ënnerwee, wat ëmmer nach immens séier ass. Um Patscherkofel op 2251 Meter si “just” 104 km/h gemooss ginn. Et muss een awer mat abezéien, dass et op genannte Plazen gären zu engem Wandtunneleffekt kënnt.
Duerch de Wand ware vill Beem ëmgefall, duerch déi och vill Stroossen net méi ze passéiere waren.
10.000 Mënschen ouni Stroum
Dem Stroumreseau-Bedreiwer Tinetz no wiere gëschter Owend eng gutt 10.000 Clienten ouni Stroum gewiescht. Staark betraff war d’Ötztal esouwéi Pitztal, dem hënneschten Zillertal an och Deeler vun Osttirol. Op ganz Tirol verdeelt ware kuerzzäiteg 18.000 Haushalter op 31 Gemenge verdeelt betraff.
Och d’Zillertal-Arena war betraff, d’Gondelen koumen un d’Stoen an an den Hütten op der Alm sinn d’Luuchten ausgaangen. Der Biergbunn am Beräich vun der Rosenalm no hu missen gutt 1600 Wanderer um Bierg waarden, bis d’Onwieder duerch war.
Och un aneren Anlagen hu missen 400 Persounen aus de Gondelen gerett ginn. Zu Salzburg waren zwou Seelbunnen duerch Beem, déi ëmgefall waren, un d’Stoe komm. Medieberichter no hu missen 144 Persounen duerch eng gréisser Rettungsaktioun aus de Kabinne geholl ginn.
Fir e komplett Bild iwwer d’Situatioun ze kréien, informéiert Iech an den éisträichesche Medien.
Informatiounsquell: orf.at, kachelmannwetter.com