Resumé 04. Juni 2022
Um Samsden erstreckt sech eng Déifdrockzon iwwer Frankräich, un där et am Laf vum Dag a fiichtwaarme Loftmassen zu der Entwécklung vu kräftege bis hin zu zolitten Donnerwieder kënnt. Stand aktuell ass schonn e gréisseren Donnerwiederkomplex a Richtung Zentralfrankräich ënnerwee a wäert sech bis an de spéideren Owend/éischt Nuetshallschent eran an ëstlech wéi och nordëstlech Richtunge virubeweegen. Et kann also gutt sinn, dass um fréie Sonndemoien Iwwerreschter vun dësem System am BeNeLux- Raum souwéi och am Südweste vun Däitschland ukommen. D’Fro ass da just, wéi staark dës nach sinn, déi een op dëser Plaz awer net beäntferte kann.
Hiweis: Dësen Outlook gëllt just bis 2 Auer an der Nuecht! Duerno kënnt e méi detailléierten CO, deen d’Situatioun fir d’Stonnen duerno & de Sonnde selwer beliicht.
Fir d’lescht aktualiséiert:
04. Juni 2022 16:10 Auer
Wat bedeiten déi eenzel Risikostufen? A wéi vill ginn et der? Klickt hei.
ERH
En erhéichte Risk (ERH) gëlt fir: Zentralfrankräich bis an déi méi nërdlech Deeler eran, dorënner Dijon, Orléans, Besançon, Troyes, Paräis…
Nieft e puer eenzelnen Donnerwieder gëtt domat gerechent, dass sech am spéidere Verlaf vum Nomëtten an Owend e gréissere System (MCS = Mesoscale Convective System) am ERH forméiere kann, deen dann bis an de fréie Sonndemoien op BeNeLux an SW Däitschland zouzitt. Iwwer Frankräich selwer, also am definéierte Gebitt, besteet d’Gefor vun zolittem Staarkreen mat Iwwerschwemmungsgefor, Knëppelsteng vun tëscht 2 a 4 cm am Duerchmiesser a Stuermstéiss bis hin zu schwéiere Stuermstéiss vun tëscht 80 bis hin zu 110 km/h (a rare Fäll och mol driwwer, also den Equivalent vun engem MDT).
KLNG
E klenge Risk (KLNG) gëlt fir: West-, Nord-, a Nordostfrankräich, Grenzgebitt zu Lëtzebuerg, Deeler vum Saarland & Baden-Württemberg.
Iwwer Westfrankräich sinn zanter dem fréie Nomëtte kräfteg Donnerwieder aktiv, déi gréisstendeels d’Intensitéit, déi engem KLNG zouzeschreiwen ass, net iwwerschreide sollt (Knëppelsteng bis bal 3 cm am Duerchmiesser, Wand bis 90 km/h, Staarkreen). Dës wanderen nach wärend dem spéidere Nomëtten an den ERH eriwwer a kënne sech duerch besser Bedingungen ebe verstäerken.
Wat den äusserste Norde vum KLNG ugeet, also um Grenzgebitt zu Lëtzebuerg, hu mir déi Situatioun, dass et nach net sécher ass, wéi wäit d’Iwwerreschter vum System, deen sech am ERH forméiert, wierklech bis 2 Auer an der Nuecht an de Norde virdrénge kënnen. Sou wéi de Gros vun de Modeller et gesäit, ass et zimmlech warscheinlech, dass nach e puer Reschter ukomme kënnen. Dës wieren dann awer staark ofgeschwächt. E puer eenzel Modeller awer gesinn trotzdeem nach d’Méiglechkeet, dass op mannst nach e klenge Risk vu staarkem Wand bis hin zu Staarkreen ka bestoen. Et bleift also einfach ofzewaarden, wat sech am Laf vum Owend esou ergëtt.
Desweidere gëtt simuléiert, dass an der zweeter Nuetshallschent och schonn lues a lues Donnerwieder ufänken, op de Südweste vun Däitschland (Baden Württemberg) iwwerzegräifen. Staarkreen, Knëppelsteng a spierbare bis deels stiermesche Wand si net ausgeschloss.
ALGM
En allgemenge Risk (ALGM) gëlt fir: Belsch, Lëtzebuerg, Süde vu NRW, Rheinland Pfalz, Saarland, Hessen, Baden-Württemberg, Bayer, Schwäiz, Liechtenstein, Eisträich, …)
Lëtzebuerg läit haaptsächlech am ALGM-Gebitt, well et jo ebe net ausgeschloss ass, dass bis 2 Auer an der Nuecht schonn eenzel Iwwerreschter aus Frankräich bei eis ukomme kéinten. Well sech dësen der grousser Tendenz no jo ofschwäche soll, läit de Gros vum Land net am KLNG-Gebitt. Dat selwecht gëlt fir de Weste vun Däitschland. A Richtung Süden a Südostdäitschland, souwéi awer och den Alperaum an Eisträich, gëtt et muer um Sonnde selwer eréischt méi interessant. Méi dozou gëtt et dann an engem frëschen CO, deen méi spéit wäert erauskommen.