10 Joer hier: D’Onwieder, wat iwwert d’Foire Agricole ewechgezunn ass

Gëschter waren et 10 Joer hier: Dat schrot Onwieder, wat besonnesch op der Foire Agricole zu Ettelbréck e groussen Impakt hat. E klenge Réckbléck.

Advertisement

Schonn 10 Joer hier

Gëschter, um 6. Juli 2024, waren et 10 Joer hier, dass en zolidd Onwieder iwwer Lëtzebuerg ewechgezunn ass. Besonnesch um Site vun der Foire Agricole koum et zu groussem Materialschued, leider goufen och e puer Persoune blesséiert. E Réckbléck op e Facebook-Post, deen ech viru 5 Joer dozou gepost hat:

Aus Frankräich huet eis an den Owesstonnen e gréissert Donnerwieder, bestoend aus e puer eenzelnen Zellen an engem méi grousse Segment a Linneform, areecht. Dës Donnerwiederzelle sinn zwar richteg séier virugezunn, konnten awer zu Stengefort z.B 21,6 l/m² an Zäit vun 10 Minutten ofreene lossen, wat schon uerdentlech ass.

Dat schlëmmst un dësem Onwieder war de Wand: Zu Stengefort konnt e Wandstouss mat Orkanstärkt, an Zuelen 131 km/h, gemooss ginn. Dës extrem Wandstéiss koumen duerch sougenannt Downbursts zustaanen. Dobäi gëtt de Wand aus den iewechte Loftschichten an engem klenge Beräich op de Buedem erofgemëscht. Sou konnt den Ofwand net nëmmen zu Stengefort Wandvitesse vun iwwer 100 km/h produzéieren, mee och zu Bartreng goufen 113 km/h gemooss.


Foto: Pascale Koch

Besonneg uerg haat et deemols och Ettelbréck erwëscht. Genee wéi dëse Weekend, war och zu där Zäit d’Foire Agricole amgangen. An Zäit vun 10 Minutte koume 16,8 l/m² Reen erof, d’Wiederstatioun huet e maximale Wandstouss vun 78 km/h gemooss. Well bei dësem Donnerwieder déi extrem Wandstéiss just lokal begrenzt opgetruede sinn, ass dovunner auszegoen, dass d’Statioun net vun dëse nach méi héije Wandvitesse getraff gouf, also laanschtgeschrammt ass. Huet ee sech d’Schuedensbild virun allem aus der Ëmgéigend vun der Gare, mee och um Site vun der Foire Agricole selwer ugekuckt, da wosst een: dat waren däitlech méi wéi 78 km/h. 4 Persoune goufen um Site blesséiert, dat duerch Beem déi ëmgefall a Géigestänn, déi duerch d’Géigend geflu sinn. Eng Persoun gouf souguer schwéier blesséiert.
Staark matgeholl huet d’Onwieder och den Härebësch tësche Käerch a Simmer. Do goufe bal 100 ha Bësch verwüst.

Dësen Dag war dat perfekt Beispill dofir, wéi wichteg Onwiederwarnungen sinn an och de ganze Warn- an Hinweismanagement ronderëm. Et sollt een d’Meldungen also ëmmer eecht huelen, soudass ee sech virbereede kann. Sou kann z.B gréissere Schued verhënnert oder d’Wahrscheinlechkeet dovunner verréngert ginn. A wann engkéier, trotz Meldunge, näischt kënnt: sitt frou, dann haate mir Chance! Eppes wéi viru 5 Joer wëll mat Sëcherheet kee méi sou séier bei eis am Land remgesinn.

Gréisser Bedeitung fir Météo Boulaide

Den Dag ass virun allem duerch de groussen Impakt ëmmer nach ville Leit am Kapp, mee och fir de Wiederdéngscht hat en eng gréisser Bedeitung. De grousse Public krut eréischt kuerz virdrun d’Informatioun zu engem Onwieder, iwwerdeems d’Follower vu Météo Boulaide deemools schonn zanter dem Virmëtten doriwwer Bescheed woussten. Nom Onwieder huet Météo Boulaide den éischte richtege Medien-Rummel erlieft a konnt sech enorm vergréisseren. Bis haut steet dëst Onwieder ëmmer nach symbolesch fir d’Motivatioun, dass ni méi iergendeen muss iwwerrascht ginn – en Zil, wat mir mat Météo Boulaide op alle Fall erreecht hunn. An de leschten 10 Joer goufe vill Verbesserungen realiséiert an och vun offizieller Säit goufe Fortschrëtter gemaach.

Chronik vun den Informatiounen vum 6. Juli 2014

Folgenden Ofschnëtt vun dësem Artikel beschreift, wéi sech den Dag deemools entwéckelt huet. Vergiesst dobäi awer w.e.g, dass mäi Wëssensstand zur Meteorologie deemools e ganz anere war wéi haut:

+++DONNERWIEDERWARNUNG+++
06.07.2014 – 11:50

Gudden Mëtten gewënscht.

Dëst ass eng Wiederwarnung. Haut sënn d’Konditiounen vir een staarkt Donnerwieder perfekt, leider kann een nët genau soen, wou ët haut zur Saach goen wärt. Am Moment ginn ët schon éicht Donnerwiederausléiser iwwert Mëttelfrankreich, dobai huet ët eng Zugrichtung vun Nordost. Ët kéint gutt sënn, dass sëch vun den Mëttesstonnen, iwwert den Nomëtten, bis an den Owend eran eng ganz Donnerwiederlinn bilden kann, wou och mol deen een oder aneren Bow Echo angelagert kann senn. Un engem Bow Echo kéinten Wandstéiss vun iwwer 100 km/h geknackt ginn. Den Risiko vun den stärksten Donnerwiederen besteht vum Osten vun Frankreich bis iwwer Lëtzebuerg erop, souwéi och iwwert d’Saarland, d’Eifel an och den Nordrhein Westfalen. D’Haaptgefor senn: Knëppelsteng bis zu 3 cm (lokal méi), staark Wandstéiss déi Stuermstärkt ereechen kéinten (d.h iwwer 74 km/h) also Wandstéiss déi spëtzten vun 75 bis 90 km/h packen kéinten, wéi gesoot un engem Bow Echo senn dann 100 km/h gutt méigleg. Dobai kann ët och zu zimmlech héichen Reenzommen während ë puer Stonnen kommen. Dobai gëtt vun Mengen vun iwwer 35 Liter geschwaat. An der Orange emkreester Zone sinn och déi selwecht Phänomener méigleg, mee eben mat enger méi gerénger Wahrscheinlechkeet.

Den Tornadorisiko ass haut zimmlech geréng, sollt awer net aus den Aan gelooss ginn! Dogéint leit den Risiko vun groussen Knëppelsteng awer bei iwwer 30% an klëmmt op puer Plaatzen op 50% erop.

Superzellen kéinten entstoen, wou dann den Risiko vun groussen Knëppelsteng am héchsten Wier.

WICHTEG: Ët ass wéi ëmmer, d’Donnerwiederen kéinten kommen, mee MUSSEN AWER NET. Ët kann aus aktueller Siicht nach nët gekuckt ginn, wou genau sëch zolitt Donnerwiederen forméieren wärten. Daat ganzt kann ech Iech just soen, andeems ech Iech permanent iwwert d’Wiedergeschéien um Laafenden haalen, dann misst Dir eigentlech stänneg doriwwer informéiert sënn. Also: Keng Garantie ob dann wierklech eppes kënnt, mee d’Wahrscheinlechkeet ass do.

Deelen ass erwënscht.

Bild: Kaart vun Google Maps.
Angezeechent hunn ech selwer.

06.07.2014 – 12:57

Kuerz virun Lëtzebuerg gouf ët elo een Ausléiser. Am Südwesten vum Land huet sech een Donnerwieder entwéckelt, wou den Schwéierpunkt éichter den Reen ass. Den Wand kéint dobai opfrëschen.

Dëst Donnerwieder ass awer nach nët daat, virun deem gewarnt gëtt.

Ech haalen Iech um Laafenden.

Radar: meteo.be
Blëtzkaart uewen lénks: blitzortung.org
Angezeechent hunn ech selwer.

06.07.2014 – 13:45

+++AKTUELL+++
06.07.2014 – 13:51

Am Moment sënn op der Blëtzkaart wéi och um Satellitenbild rasant Entwécklungen ze gesinn. Nordöstlech vun Lëtzebuerg huet sech elo een Donnerwieder entwéckelt, waat eis awer elo nët méi betreffen misst. Iwwert dem Frankreich schéissen ëmmer méi Zellen an d’Luucht an ganz spontan Entwécklungen sënn amgaangen/méigleg.

Aus dem Süden zitt elo Reen an d’Land, bei deem ët awer nach zimmlech roueg zougoen misst, ausser ët entwéckelt sech eppes doraus.

Wéi am leschten Post gesoot, ass daat heiten nach nët den Höhepunkt. Am Kaalfrontbereich, deen rout angezeechent ass, ass am Nomëtten wéi och den Owend mat deels zolitten Entwécklungen ze rechnen.

Wéi virdrunner schon gesoot sënn d’Geforen:

Grouss Knëppelsteng bis 3 cm oder méi
Staarken Wand vun 70 bis 110 km/h.
Staarken Reen mat Quantitéiten vun méi wéi 30 Liter/h

Ech haalen Iech weiderhin um Laafenden!

Satellitenbild: sat24.com
Blëtzkaart: blitzortung.org
Anzeechnungen: vun mir

06.07.2014 – 15:59

+++AKTUELL+++
06.07.2014 – 15:59

Déi aktuell Blëtzaktivitéit iwwer Frankreich. Ë puer gutt organiséiert Zellen sënn schon dobai. Déi weider Entwécklung ass mol nach ofzewaarden. Ët kann een elo nach nët soen, wou genau an wéini dës Donnerwiederen kommen wärten. Och ass nët gewosst, ob Lëtzebuerg getraff gëtt, oder rëm verschount gëtt. D’Warnungen gëllen awer weiderhin och vir eis Géigenden an d’Laag muss een am Aan behaalen!

PS: Deen Bletz deen Emkreesst ass een Bletz deen grad reicht gemooss gouf. Huet neicht mat deem ganzen ze dinn. Sorry vir d’Messverständnis!

Soubaal sëch eppes deet, soen ech Iech Bescheed!

Kaart: Blitzortung.org

06.07.2014 – 17:15

+++AKTUELL+++
06.07.2014 – 17:15
!!WARNUNG!!

Virun Lëtzebuerg steet elo méiglegerweis een organiséiert Donnerwieder, wou grouss Knëppelsteng, staarken Wand an och héich Reenquantitéiten an kuerzer Zeit optrieden! Un dëser Front senn weider Entwécklungen méigleg an kann eventuell ënner Verstärkung iwwert eist Land ewechzéien. Sëcher ass ët nach nët, mee ët muss dringend am Aan gehaalen ginn!

Dëst ass eng eecht Warnung. Wann Dir eppes dobaussen stoen hutt, waat fortfléien oder futtigoen kann, dann bréngt dës an Sëcherheet! Sollt et wierklech zu Knëppelsteng mat enger Gréisst vun 3 cm kommen, wier ët nët schlecht, Ären Auto ranzesetzen!

Ech haalen Iech um Laafenden!
Deelen w.e.g.!

06.07.2014 – 18:10

+++AKTUELL+++
06.07.2014 – 18:10

Opgepasst! D’Donnerwieder ass un der Grenzan ët kéint all Moment lassgoen! An Frankreich goufen an deem Donnerwieder Wandspëtzten vun 140 km/h gemooss an och Knëppelsteng vun cm am Duerchmiesser gemeld! Passt op Iech op!

Nächsten Update kënnt während oder no dem Donnerwieder!

Meng mobil Donnerwiederstatioun steet um Feld an hoffen ë puer gutt Daten opzeechnen ze kënnen!

Wann Dir wëllt, kënnt Dir mir Fotoen an Videoen schécken.

Bis dann.

Blëtzkaart: blitzortung.org

06.07.2014 – 18:42

+++AKTUELL+++
06.07.2014 – 18:42

Opgepasst! Ët ereecht sou lues awer sëcher den Norden mat staarken Wandstéiss, Knëppelsteng an staarken Reen!

Passt op Iech op!

06.07.2014 – 18:55

+++AKTUELL+++
06.07.2014 – 18:55

WARNUNG VIOLETT!!!
ALLERHECHST WARNSTUF

06.07.2014 – 19:00

+++EXTREMT DONNERWIEDER+++
06.07.2014 – 19:00

+++WAND BIS 150 KM/H MEIGLEG+++

Den ganzen Norden ass mat der Warnstuf VIOLETT bedeckt. Daat ass déi héchst Warnstuf déi et gëtt. Et goufen hei an Letzebuerg Wandstéiss vun 133 km/h gemooss. Et ass nach nët eriwwer. Am Nordosten vum Land ass et nach aktiv an den Wand kann bis 150 km/h ereechen!!!

Nom Donnerwieder mellen ech mech zréck!

06.07.2014 – 20:00

+++AKTUELL+++
06.07.2014 – 20:00

Daat grousst Donnerwieder ass elo duerch. Et ass grausam, waat vir Biller vun ë puer Plaatzen erankommen! Ët gouf eng Wandspëtzt vun 131 km/h gemooss an op puer Plaatzen waren et méi. Ech hoffen wierklech, dass ët nët allze vill Leit verletzt huet! Hoffen, ech konnt eppes mat mengen Warnungen bewierken… Et ass daat heftegst Donnerwieder, waat ech je iwwert dem lëtzebuergëschem Terrain beobachten konnt. Ët huet Bauschelt ëm een Hoer gestreift, dowéinst konnt ech mat mengen Statiounen keng Daten sammlen. Op aneren Platzen senn Beem op Autoen gefall, Diecher ofgedeckt an extrem Iwwerschwemmungen.

Et huet sech NET em een TORNADO gehandelt, mee ëmt een DOWNBURST! Do gëtt den Wand aus méi héichen Loftschichten bis eroof op den Buedem gemëscht, an doduerch entstinn déi héich Wandstéiss! Dëst Donnerwieder waat mir haaten war méiglegerweis eng HP Superzell (High precipitation supercell), wou dann eben deen een oder aneren Downburst dran verwéckelt war!

Den Extremfall vun den Warnungen ass haut agetrueden!

Wann Dir nach Biller hutt, kënnt Dir déi gären eranschécken!

VILLMOLS MERCI vir Är Opmierksamkeet!

Ët misst elo roueg weidergoen, d’Front ass laanscht.

Bild: Marc Gengler. D’Wieder an Action.

Deelen ass erwënscht.

Schéinen Owend nach.
Philippe Ernzer