De Moment stécht ee Meteorstroum besonnesch eraus: D’Geminiden! Ze gesi sinn se zanter dem 4. Dezember, dës Nuecht ass de Maximum ze erwaarden. Mee wat seet d’Wieder dozou?
Advertisement
150 Stäreschnäizen d’Stonn
Zanter dem 4. Dezember suergen d’Geminiden dofir, dass méi Stäreschnäizen ze gesi sinn, wéi soss ausserhalb vun de Stréim. Bis den 20. Dezember wäert dat nach esou bleiwen, woubäi an der Nuecht op muer, Samschden, 14. Dezember, de Maximum ze erwaarden ass.
D’Stéckzuel vun de Stäreschnäize vun de Geminiden huet an de leschte Joren zougeholl. Ëm 1980 waren et nach knapp ënner 80 Stéck, déi ee bei perfekte Konditioune konnt beobachten. Mëttlerweil sinn et 150 d’Stonn an d’Tendenz weist weider no uewen. De Grond dofir ass deen, dass sech d’Ëmlafbunn vun de Geminiden amgaangen ass ze veränneren. Duerch d’Gravitatiounswierkung vun der Äerd a vum Jupiter ass de Meteorstroum der Äerd mëttlerweil däitlech méi no komm.
Wou kommen d’Geminiden hier?
De Radiant, also de Punkt, vun dem d’Stäreschnäizen ze komme schéngen, ass d’Stärebild Zwilling. Dëst ass gutt duerch déi zwee hell Haaptstäre Castor a Pollux ze erkennen a befënnt sech a Richtung Südwesten. Am beschten ze gesinn sinn se esoubal et däischter ass. Beweegt Iech dozou och wäit ewech vun alle Liichtquellen: Ideal ass eng Plaz iergendwou matten an engem Feld wäit ausserhalb vun enger Uertschaft.
Wéi bei all Meteorstroum duerchflitt d’Äerd d’Stëbswollek vun engem Asteroid. Bei de Perseiden, déi am August hire Maximum erreechen, ass et den 109P/Swift Tuttle. Bei de Geminiden ass de Koméit Phaeton fir d’Schauspill verantwortlech. Beim Duerchfléie vun der Stëbswollek geroode kleng Partiklen an eis Ärdatmosphär a vergléien. Dëst nenne mir dann Stäreschnäizen.
Déi meteorologesch Aussiichten
D’Wieder ass an de leschten Deeg net esou gutt drop, zumools wann et dorëm geet, dass sech der Niwwel fréizäiteg verzitt. Déi lescht zwee bis dräi Deeg wiere, wann e sech opgeléist hätt, richteg sonneger gewiescht, well mir ënner Héichdrockafloss leien. Och haut besteet am Nomëtten eng kleng Chance, dass et opkläert – eng Garantie gëtt et awer net. Sollt et awer klappen, dann hätte mir bis an den Owend eran eng Zäitfënster mat méi klorem Himmel. Am Laf vun der Nuecht kommen awer erëm Wolleken dobäi, wat domat zesummenhänkt, dass mir muer um Samschden eng Stéierung a Form vun Déifdrockaktivitéit ze erwaarden hunn. Géint 2 Auer steet de Radiant vun de Geminiden am héchsten am südwestleche Nuetshimmel – an d’Wiederprognose sinn definitiv net déi bescht. Och an der Nuecht op e Sonnde wäert et wollekeg sinn, wat eis eng weider Chance hëlt, eis de Spektakel unzekucken.
Bis den 20. November ergi sech viraussiichtlech och net méi esou vill Chancen, se a voller Pracht ze beobachten – ausser et géif sech spontan nach eppes änneren.