20 cm Schnéi op de Koppen: E puer Hiweiser fir de Moien

An de vergaangene Stonne sinn a kuerzer Zäit onerwaart héich Schnéiquantitéiten erofkomm. Et gëllen e puer generell Hiweiser.

Onerwaart vill Schnéi

De Schnéi war ugekënnegt, dat mat Optioun op maximal 10 Zentimeter verschiddene Modeller no. Den duerchschnëttleche Maximalwäert gouf op 6,75 cm berechent, wat wäit ënnert dem läit, wat a Wierklechkeet erofkomm ass. Eng Situatioun déi nach eng Kéier ënnersträicht, wéi tückesch Randdéifer (Schnellleefer) sinn – am Endeffekt war déi ganz Entwécklung eng pur Iwwerraschung.

De Moie fréi um 01:40 Auer huet d’ASTA Wiederstatioun zu Reiler eng Schnéihéicht vun 20 cm gemooss. Duerch de Rescht vun de Nidderschléi, déi op der Récksäit vum klengen Déif erofkomm sinn, ka schonn erëm e Stéckche méi leien (Donnéeën hunn zum Zäitpunkt wou den Artikel geschriwwe gëtt nach net aktualiséiert). Notzer-Meldungen a Fotoe no ass d’Warscheinlechkeet grouss, dass et Ecken am Land ginn, wou bis ëm 25 cm gefall sinn.

Risk vun Aaschtbroch & Beem déi ëmfalen

Glécklecherweis leie mir net matten an der Woch am Haaptberuffsverkéier – mee fir jiddereen, deen de Moien trotzdeem fréi eraus muss, gëllen Hiweiser.

De Schnéi dee gefall ass ass immens naass gewiescht, soudass duerch dësen elo eng grouss Laascht op d’Beem iwwerdroe gëtt. D’Biedem sinn duerch de ville Reen an de leschten Deeg opgeweecht a mëll, soudass d’Gefor besteet, dass mol e Bam an d’Strooss fale kann. Och dënn Äscht kënnen ënnert der Laascht vum Schnéi zesummebriechen an an d’Stroosse falen – gëlt awer virun allem fir déi héchst Koppe wou den allermeeschte Schnéi gefall ass.

Ënnerstëtzt gëtt dëst haut vun engem méi spierbare Wand, deen bis an de Virmëtten eran Spëtzte vu bis ëm 40 km/h erreecht. Dëst geet schonn duer, fir schonn “ugeditscht” Beem ze destabiliséieren. Am Nomëtten ass mat engem Opfrëschen op bis zu 65 km/h ze rechnen.

Fir de Süden dogéint klengt dat no enger ganz anerer Welt, op de mannste Plaze läit nennenswäerte Schnéi. Do gesäit een, wat e puer Héichtemeter ausmaache kënnen.