Bléck op de Weekend: Tëscht Héich an Déif, gréisstendeels awer dréchen
De Weekend ginn et sonneg, mee och méi gro Momenter. De Reen weist sech awer just zäitweis. Advertisement
De Weekend ginn et sonneg, mee och méi gro Momenter. De Reen weist sech awer just zäitweis. Advertisement
Den Tropestuerm NADINE ass e Samschden zu Belize u Land gaangen an ass iwwer Guatemala a Mexiko eriwwer an de Pazifik gewandert, wou en elo seng Identitéit gewiesselt huet. Wéi kann dat sinn? Advertisement
Et schéngt, wéi wa mir an de nächsten Deeg weiderhi net all ze schéi Biller aus dem Mëttelmierraum wäerte gesinn: Vill Berechnunge weise bis ëm 200 l/m² Reen, deels och wäit driwwer. En Update zur […]
An de soziale Medien huet een a leschter Zäit vill Falschinformatiounen iwwert en angeblechen drëtten Hurrikan fonnt, deen elo op Florida soll treffen. Kucke mir eis un, wat déi zwee aktuell aktiv Tropestierm wierklech wëlles […]
D’Woch verleeft zwar net komplett dréchen, an awer gëtt se däitlech besser wéi déi vergaangen. Et setzt sech héije Loftdrock duerch, duerch deen haaptsächlech just de Niwwel zu eisem “Feind” ka ginn. Advertisement
No de ville Wolleken, dem Niwwel an och dem Reen wier et un der Zäit, dass et mol erëm méi frëndlech gëtt. D’Chancen dorop klammen tatsächlech fir d’nächst Woch. Advertisement
Nodeems an de leschten Deeg am Südoste vum Massif Central a Frankräich Rekordzomme vu méi wéi 800 l/m² Reen erofkomm sinn, huet sech elo e weidert Déif forméiert. Zumools am Süde vun Italien sinn elo […]
Zwar ass eisersäits aktuell eng Virwarnung aktiv, an awer sollt fir déi nächst Stonne fir déi meescht Géigenden en “einfache” Wiederhiweis duergoen. D’Optioun op e lokaliséierten Upgrade op eng Warnung bleift awer bestoen. Advertisement
Muer den Owend kënnt aus Frankräich e klengt Déif eropgezunn. Et kënnt dobäi awer op den exakte Lafwee vum Kär un: De Grat tëscht enger “reenereger Nuecht” a warnrelevante Reenzommen ass immens schmuel. Advertisement
An de vergaangene bal 39 Stonnen huet et am Südoste vum Massif Central méi wéi 600 l/m² gereent. Duerch dës onvirstellbar Waassermasse kënnt et zu massiven Iwwerschwemmungen. Advertisement
© ClearSky Solutions s.à.r.l.-S by Météo Boulaide