
Wéi de staatleche spuenesche Wiederdéngscht mellt, ass haut mat 29,9°C de wäermsten Dezember-Dag zanter Opzeechnungsufank opgetrueden. Den ale Rekord aus dem Joer 2010 gouf ëm 0,3°C iwwertraff.
Advertisement
Advertisement
Rekordhëtzt a Spuenien
Duerch e massivt Héichdrockgebitt goufen an de leschten Deeg immens héich Temperaturen iwwert dem Süden a Südoste vu Spuenie gemooss. Den Dag vun haut geet an d’Geschicht an – well et ass de wäermsten Dezember-Dag zanter Opzeechnungsufank. D’Wiederstatioun vu Málaga huet en Héchstwäert vu 29,9°C gemooss, dëst ass e neie Landesrekord! Domat ass de Rekord vum 10. Dezember 2010 vum Throun gestouss ginn: Deemools goufen zu Motril (Granada) 29,4°C gemooss. Nieft Málaga hunn dräi weider Wiederstatiounen den ale Rekordwäert iwwertraff oder erreecht, nämlech och déi vun Huércal-Ovea mat 29,4°C, Totana mat 29,6°C a Fuente Álamo de Murcia mat 29,8°.
Ranking de temperaturas máximas registradas hoy, 12 de diciembre, en las estaciones automáticas de AEMET (datos provisionales pendientes de validación).
‼️ Casi los 30ºC en pleno mes de diciembre ‼️ 🧐 pic.twitter.com/GFGAdOQaVc— AEMET (@AEMET_Esp) December 12, 2023
Wéi de Wiederdéngscht schreift, sinn dës Wäerter fir den Ufank mol nach provisoresch, well se mussen iwwerpréift ginn. Well den ale Rekord awer ëmt esou eng grouss Differenz geknackt gouf, ass et ganz warscheinlech, dass et esou wäert an d’Geschicht agoen.
Breaking: Malaga airport has just reached 29.4°C, smashing its December heat record by an unprecedented margin.
The previous record of 24.6°C (from 1998) was beaten by almost 5 degrees. pic.twitter.com/gpnl6iA621
— Mika Rantanen (@mikarantane) December 12, 2023
Wa mir just vu Málaga schwätzen, da gouf den ale Rekord vun der Statioun esouguer ëm 5,3°C iwwertraff – dëse louch nämlech bei 24,6°C a gouf am Joer 1998 opgestallt.