-31,1°C a Norwegen: Statiounsrekorder geknackt, mee Landesrekord bleift wäit onberéiert

E puer Statiounen a Skandinavien hunn an de leschte Stonnen hir jeeweileg Rekord-Minustemperature geknackt. De Landesrekord vu -51,4°C aus dem Joer 1886 ass a bleift ausser Reechwäit.

Keeltwell a Skandinavien

De Moment sinn déi skandinavesch Länner mat enger Keeltwell beschäftegt. Zustane kënnt se duerch immens héije Loftdrock, deen sech iwwert d’Hallefinsel mee awer och bis erof a Mëtteleuropa & England erstreckt. Ënnerstëtzt gëtt dat ganzt duerch gréisseren Déifdrockafloss iwwert dem Mëttelmier an déiwe Loftdrock am Polarkrees. Duerch dës Konstellatioun kënnt et zu knackeg killen Temperaturen, déi u verschiddene Statiounen a Norwegen fir nei Rekorder gesuergt hunn.

Bjørnholt läit gutt 20 Kilometer nërdlech vun Oslo, der Haaptstad vu Norwegen. An der vergaangener Nuecht sinn tëscht 3 a 4 Auer Minimaltemperature vu -31,1°C opgetrueden, wat fir dës Statioun e neie Rekord ass. E weidere Statiouns-Rekord gouf et mat -23,1°C zu Oslo-Blindern – se mësst zanter 1987. Et sief awer unzemierken, dass dëst keng nei Landesrekorder sinn: Déi nidderegst Temperatur a Norwegen läit bei -51,4°C a gouf den 1. Januar 1886 zu Karasjok gemooss – an do leien déi nei Rekorder vun de Statiounen (déi nach net esou laang moossen), wäit dovu fort.

D’selwecht och fir d’Nuecht op de Freiden, an där zu Kautokeino -43,5°C gemooss goufen. Et war déi keelst Nuecht zanter 25 Joer. Och a Schweden ass et immens kill: Mat -43,8°C war et un der nërdlechster Statioun vum Land esou kal wéi zanter 1999 net méi.

Klimawandel & Keelt-Rekorder, wéi ass dat iwwerhaapt méiglech?

De Klimawandel an déi vum Mënsch beschleunegt Äerderwiermung bezitt sech op e laangjäregen Trend, deen duerch Donnéeën op der ganzer Welt nozeweisen ass. D’Äerd huet e natierleche Klimawandel mat méi kalen a méi waarme Phasen. Dës Phasen/Zyklen sinn duerch den Impakt vum Mënsch duerch d’Industrialiséierung an Zäregasen an Zukunft net méi déi, déi d’Äerd gewinnt war. Duerch d’Mënschen gëtt déi eigentlech natierlech Äerderwiermung geboost a méi kal Zäiten gi net méi esou kal, wéi se et mol waren.


D’Entwécklunge vun den duerchschnëttleche Jorestemperaturen zanter 1850, global gesinn. | Grafik: showyourstripes.info

Also: Vum Mënsch gemaachene Klimawandel/gemaachen Äerderwiermung befaasst sech op den Zäitraum vu ville Joren, iwwerdeems et awer trotzdem ëmmer nach op klengstem Zäitraum (wat einfach Wieder genannt gëtt) kann zu immens kille Phasen kommen. De laangjäregen Trend baséiert op enger Moyenne – an duerch dës beleet sech definitiv, dass et méi waarm gëtt op der Äerd. Et gëtt also en entscheedenden Ënnerscheed tëscht Wieder a Klima.

“Wieder ass net Klima”, mee firwat ginn d’Hëtztrekorder net och esou argumentéiert?”

Dës Fro kritt een oft gestallt. Wéi mir awer wëssen, weisen déi laangjäreg Duerchschnëttswäerter e kloren Trend no uewen. Et ass domat also beluecht, dass déi duerchschnëttlech Temperature vun de Méint a Joren klammen an och nei Hëtztrekorder vun hirer Fréquenz hier ëmmer méi oft virkommen. Keelt-Rekorder komme just nach ganz vereenzelt vir. Meeschtens handelt et sech ëm Statiounen, déi nach net esou laang moossen, wéi z.B déi nei Statiounsrekorder a Norwegen souwéi Schweden et de Moment weisen.