33 bis 38 Grad: De Fuerplang vun der Hëtztwell

An de leschten Deeg gouf am grousse Stil op d’Hëtztwell opmierksam gemaach. Déi neist Berechnunge soe: Jo se kënnt! – mee sollt schon ab der zweeter Wochenhalschend glécklecherweis manner staark ginn.


Trend bis de Mëttwoch bal sëcher

Lues a lues léisst sech soen, wéiee Wee d’Temperature bis de Mëttwoch aschloe wärten. Vum Donneschden un kënnt eng ganz grouss Onsëcherheet mat an d’Spill, soudass et vun deem Dag un a weider kee Sënn mecht, méi wäit ze kucken.

Um Méinden ass mat Maximaltemperature vu 29 bis 34 Grad ze rechnen. Ufanks kënne nach e puer Wollécken duerchzéien, ier et awer ab dem Virmëtten ëmmer méi sonneg gëtt. Weider geet et um Dënschde mat viraussiichtlechen 31 bis hin zu 35 Grad, zumols am Südweste vum Land kann et vir bis zu 37 Grad duergoen. D’Sonn weist sech sou gutt wéi de ganzen Dag laang. Wann een dës Berechnungen mat deene vu virun e puer Deeg vergläicht, mierkt een, dass den Zäitpunkt vum richtege “Start” vun de méi markanten Temperature vum Méinden op den Dënschde geréckelt ass.

Video vum 22. Juni 2019

De Mëttwoch gëtt, sou gesinn d’Modeller et all ausser de GFS, de Maximum vun der Hëtztwell areecht. Et gëtt mat Temperature vun 33 bis 36 Grad am Norden an 35 bis 38 Grad am Süden extrem waarm, et muss mat enger ganz staarker Hëtztbelaaschtung gerechent ginn. D’Wahrscheinlechkeet vu méigleche 40 Grad ass amgaangen zréckzegoen, mee ass ëmmer nach net am onméigleche Beräich. Dëst muss nach am Aen gehaale ginn.

GFS vs ECMWF

Ab dem Donneschden ass de Verlaf, wéi schon ugemierkt, extrem onsëcher. Den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent bis Enn der Woch mat Wäerter vu bal 40 Grad, den europäesche Modell ECMWF rechent dogéint awer um Donneschde schon mat vill méi niddrëgen Temperaturen. Deem Modell no areechen d’Temperature “just” nach em 27 bis 33 Grad, ier d’Hëtzt an den Deeg ëmmer méi oftransportéiert sollt ginn.

Wéiee Modell schlussendlech de Kampf gewënnt, ass ongewëss. Statistesch gesinn ass d’Trefferquote vum europäeschen ECMWF awer méi héich, soudass et méiglech ass, dass sech dësen mat enger gréisserer Wahrscheinlechkeet duerchsetzt wei den anere Modell.

Egal wéi erwaarden eis demnächst e puer där richteg waarmer Deeg, wou ee virun allem vill Waasser zou sech huelen a sech net ze vill dobaussen ustrenge sollt.

Den Temperaturverlaf an 1,5 km Héicht (ECMWF / wxcharts.com)