Radio 100,7: D’Wieder schléit ëm

No laanger Zäit steet e richtege Wiederëmschwong un.

“Reen a Bou – Op Schratt an Tratt mam Wieder” um Radio 100,7 vum 05.09.2022:

Lues a lues mierkt een dann awer schonn, dass sech dobaussen eppes um änneren ass. Mir sinn erëm beim Wieder ukomm, wou eis de Philippe Ernzer e puer gutt Nouvelle matdeele kann. Gudde Moie Philippe.

Aus dem neisten Episod vu “Reen a Bou” um Radio 100,7:

Lues a lues deet sech eppes…

… an dat huet een och de Weekend schonn gemierkt. De Samsde si nämlech e puer där méi kräfteg Schaueren opgetrueden, wou punktuell esouguer Iwwerschwemmungen opgetruede sinn. Zu Ettelbréck sinn an Zäit vun zwou Stonnen 50,4 l/m² Reen erofkomm, un der ASTA-Statioun zu Esch-Sauer waren et esouguer knapp 40 l/m² an Zäit vu nëmmen enger Stonn. Dëst ass tatsächlech sou e klenge “Wegweiser” fir déi nächst Deeg – net onbedingt, dass et erëm zu esou grousse Quantitéiten a kuerzer Zäit komme muss, mee dass et op alle Fall ëmschloe wäert.

D’Temperature maachen awer nach eng Kéier e Ruck no uewen.

Mir schwätze vu Changement, an awer sinn direkt och méi héich Temperaturen en Deel dovun – och wann dat bësse méi widderspréchlech kléngt. De Grond dofir ass deen, dass mir e grousst Déifdrockgebitt iwwert dem Atlantik leien hunn. Dëst Déifdrockgebitt liwwert eis och elo am Ufank vun der Woch onbestänneg Situatiounen wéi z.B duerch méi déck Wolleken oder Schaueren. D’Déif kënnt am Laf vun der Woch ëmmer méi no bei eis riwwergezunn, wat dann de Grond fir e gréissere Changement wäert sinn.

Ier et awer esouwäit ass, fungéiert dat déif als Wiermt-Schëpp a bréngt eis haut nach eng Kéier bis zu 30 Grad. Muer an de Mëttwoch sinn op e Neits summerlech Temperaturen ze erwaarden.

Verstinn ech dat richteg, dass dann elo erëm eng méi naass Zäit ugeet?

Dat ass korrekt. Well eis dat Déif ëmmer méi no kënnt, gëtt et 1. Méi kal an 2. Méi naass. An de nächsten Deeg, méiglecherweis esouguer bis de Weekend mat, kann et ëmmer erëm zu Schauere kommen. Och en Donnerwieder ass dotëscht net ausgeschloss. Vun der zweeter Wochenhallschent un wäert d’Déif esou no un eis sinn, dass d’Zoufuer vun der méi waarmer Loft wäert ënnerbrach ginn an d’Temperature viraussiichtlech nëmme nach op 20 Grad am Dag klammen. Et schéngt also tatsächlech lues a lues Hierscht ze ginn.

Léisst sech dann och schonn soen, wéi vill Reen bis de Sonnden an eisem Land erofkomme kann?

Direkt mol gesot: et wäert warscheinlech net iwwerall gläichméisseg vill reenen, dat ass eigentlech zimmlech rar de Fall. Den europäesche Wiedermodell rechent plazeweis mat bis ëm 35 l/m². Déi genee Géigenden ze nenne bréngt awer näischt, well sech dës net 1:1 an d’Realitéit iwwersetze loossen. Den amerikanesche Modell GFS ass e bësse manner optimistesch a gesäit 15 l/m² op eis duerkommen. Den däitschen ICON geet awer tendenziell och méi an d’Richtung vum ECMWF – dës Woch soll also definitiv mat enger gréisserer Sécherheet méi naass ginn wéi déi aus de leschte Wochen a Méint.

Bleift dës Ëmstellung oder war et dat erëm séier?

D’Déifdrockaktivitéit iwwert dem Atlantik hëlt op alle Fall zou. De momentanen Aussiichte no kéint et tatsächlech bis ronderëm Mëtt September méi onbestänneg bleiwen. Den amerikanesche GFS rechent eréischt fir déi zweet Hallschent vum Mount erëm mat engem Héichdrockgebitt – dëst ass allerdéngs just eng Iddi, et ass jo nach e Stéck bis dohin. Fest steet: et ass endlech erëm Beweegung an der Wiederkichen.

Dëst sinn also gutt Aussiichte fir d’Natur. A wann alles esou bleift, kann een jo geschwënn lues a lues op eng Jackett oder e Pullover wiesselen. Merci Philippe Ernzer a bis de Freiden!