Ab dem Mëttwoch: Enk begrenzt Schaueren an Donnerwiedere méigleg

Et war nëmmen eng Fro vun der Zäit: Duerch e puer Buedemdéifdrockgebitter a lokal Konvergenzzonen kënne vum Mëttwoch un lokal Schaueren oder och Donnerwiederen an der Groussregioun provozéiert ginn.

Vum Mëttwoch un klëmmt an der Groussregioun de Risk vu lokale Schaueren an Donnerwiederen. Dëse Risk soll bis de Freiden inclus unhaalen, woubäi et awer stännëg summerlech waarem bleift. D’Temperature wärte sech weiderhin an engem Beräich vu 25 bis 29 Grad ophaalen, wéi op der 6-Deeg-Virschau ze gesinn:


Nëmme lokal an enk begrenzt

A wéienger Form sinn dës Schaueren an Donnerwiederen ze erwaarden? Wéi scho méi wäit uewe kuerz ugeschnidde, wärten se just lokal an enk begrenzt, verdeelt an der gesamter Groussregioun, optrieden. Dëst heecht, dass nach laang net jiddereen eppes ofkréie wärt, daat selwecht gëllt och vir d’Intensitéit.

Duerch e net all ze séieren Héichtewand wärten d’Zelle nëmme lues vu Plaatz kommen. Doduerch besteht rem d’Wahrscheinlechkeet vu gréissere Reequantitéiten op enger lokaler Plaatz a kuerzer Zäit. Och de Reen usech tendéiert dozou, daat markantst bei engem Donnerwieder ze sinn. Déi niddrëgste Risk geet vu staarke Wandstéiss aus. Mee keng Angscht: Aktuelle Modellrechnunge no sollt et net zu Onwiedere kommen, déi mat deene vun Enn Mee oder Ufank Juni ze vergläiche sinn. Vum Freiden un geet déi gesamt Nidderschlagsneigung no a no zréck an d’Sonn kritt rem d’Iwwerhand.

Hei den Oflaaf, berechent vum aktuellen ICON-Wiedermodell vir de Mëttwoch an den Donnëschden:

Animatioun: wxcharts.eu