Et gëtt wuel wanterlëch…
…mee a wéienger Form wärt de Nidderschlag am Endeffekt eroofkommen? Bis den Donnëschdemoie waren d’Modeller der Meenung, dass daat meecht dofunner als Glëtz iwwer Lëtzebuerg eroofkomme géif. Mëttlerweil hunn d’Simulatiounen awer geännert, soudass de Groussdeel elo als Schnéi berechent gëtt.
Wéi kënnt et iwwerhaapt zu Glëtz/Äisreen?
An der Héicht entfällt de Nidderschlag der Wolléck als Schnéi/gefruerene Nidderschlag. Dësen duerchfällt dann déi méi waarem Loftschicht (d’Kant vun der Waarmfront), déi op der méi killer Loftschicht (déi op Buedemhéicht ass, well kaal Loft méi schwéier ass) “sëtzt”. Sou entdeet de Nidderschlag um Wee no ënnen an der méi waarmer Loftmass, ier en, wann en an der méi killer Loftmass ukënnt, rem fréiert a sou och op de gefruerene Buedem trëfft. De Nidderschlag fréiert direkt fest an zustaane kënnt de Glaatäisreen/Glëtz.
Entstéiung vu Glëtz – Schema: DWD
Den aktuelle Stand
Sou wéi et de Moment ausgesäit (Stand 13. Dezember 21:45 Auer) ass ab dem spéide Samsdenowend/zweeter Nuetshalschend op de Sonndë mat éichte Nidderschléi aus Westen ze rechnen. D’Temperature leien zu där Zäit tësche -2 an 1 Grad, de Modeller no soll et groussflächëg zu Schnéifall kommen. Dëse Schnéifall soll sech bis an de fréie Moien eran zéien, ier géint 4 Auer de Risk vu Glëtz op lokal begrenzte Plaatze méi grouss gëtt. Dëst bedeit, dass et wuel ëmmer nach op de meechte Plaatze schneit, mee lokal begrenzt och mol Glëtz drënner kéint sinn.
De Fazit: Et schéngt, wéi et aktuell ausgesäit, an de meechte Fäll zu Schnéifall ze kommen. Dobäi wiere bis an de fréie Sonndëvirmëtte Quantitéite vun 1 bis 3 cm net auszeschléissen, op de Koppen demno wéi och mol kuerzzäitëg 5 cm. Während dem Schnéifall kann et duerch de méi wäit uewe beschriwwene Prozess punktuell mol zu Glëtz kommen, dëst muss net groussflächëg de Fall sinn. Egal ob Schnéi oder Glëtz, et muss wuel mat glaate Stroosse gerechent ginn. Ab dem Sonndëmëtte klammen d’Temperature rem an de Plus.