Aktuell: Chancen op nennenswäerte Reen weiderhi kleng

De Reen kënnt de Moment ze kuerz. Trotz e puer Schaueren an de leschten Deeg ginn d’Chancen dofir am Laf vun der Woch erëm zréck.

“Reen a Bou – Op Schratt an Tratt mam Wieder” um Radio 100,7 vum 26.04.2022:

No e puer Schwankungen sinn d’Temperaturen ëmmer nach an engem Beräich ënnerwee, deen ee wuel als agréabel bezeechne kann. Wou et awer ëmmer nach keng Schwankunge ginn ass de Reen, well dëse kënnt, bis op e puer eenzel Schaueren, konstant ze kuerz. De Philippe Ernzer erzielt eis elo méi dozou.

Aus dem neisten Episod vu “Reen a Bou” um Radio 100,7:

Et ass eng Woch méi spéit, de Reen huet sech bis ewell weiderhin däitlech zréckgehalen.

Wéi mir et och schonn d’lescht Woch op de Kaarte gesinn hunn, huet de Reen de Moment net déi bescht Chancen. An der leschter Woch huet et u kengem Dag esou richteg gereent, bis dunn de Samsde komm ass. Wat een awer och soe muss ass, dass d’Modellkaarten d’lescht Woch no a no ëmmer manner Reen fir de vergaangene Weekend gerechent hunn.

Wéi vill Reen ass dann dobäi erofkomm?

D’Quantitéite sinn iwwerkuckbar. Wat de Samsde betrëfft waren et grad emol 2,7 l/m² un der ASTA Statioun zu Réimech. Un der ASTA Statioun zu Furen sinn 2,5 l/m² gemooss ginn. Och un anere Statioune queesch duerch d’Land ass et e bësse naass ginn, mee näischt, wat wierklech nennenswäert ass.

Um Sonnden ass et awer lokal fir e bësse méi kräftege Reen duergaangen.

Um Sonnden hate mir et mat e puer vereenzelte Schaueren ze dinn, déi deelweis a ganz enk begrenzt awer och méi zolitt ënnerwee waren. De meeschte Reen gouf et un der ASTA-Statioun zu Remerschen mat 11,3 l/m², un zweeter Plaz koum d’ASTA-Statioun vu Recken op der Mess mat 5,7 l/m². Iwwer dës Statioune sinn am Laf vum Nomëtten méi kräfteg Schaueren ewechgezunn – hiren Aflossberäich war awer esou kleng, dass et nëmmen e puer Kilometer weider dréche bliwwen ass.

Et ass dunn och e bësse méi onbestänneg an déi nei Woch eragaangen.

Gëschter um Méinde louch en Déifdrockgebitt méi oder manner genee iwwert dem BeNeLux-Beräich. Dëst Déif ass bis elo och nach net grouss virukomm, et verzitt sech eréischt am spéidere Verlaf vum Dag a Richtung Süddäitschland. Dat heescht, dass et haut wuel nach nieft e puer méi décke Wolleken an e puer sonnege Momenter zu vereenzelte Schauere komme kéint. Groussflächege Reen ass dëst, wann iwwerhaapt, awer net. Et zeechent sech also op de meeschte Plazen am Land ëmmer nach en Defizit of.

Wéi steet et dann mat de Reen-Chancen fir déi zweet Wochenhallschent?

Déi zweet Wochenhallschent bréngt keng wierklech gutt Chancen fir Reen mat séch, well sech erëm den héije Loftdrock bei eis duerchgesat kritt. Et ginn zwar ëmmer nach e puer méi wollekeg Momenter, mee de Reen kënnt ëmmer nach ze kuerz. Wat eis Temperature betrëfft si mir haut bei 11 bis 15 Grad ënnerwee, muer um Mëttwoch bei 13 bis 18 Grad.

Et geet also dann am Allgemengen erëm biergop. Gëlt dat dann och fir d’Temperaturen?

D’Temperature profitéieren och vun dësem Opwäertstrend. Den Donneschde sollen d’Wäerter viraussiichtlech erëm op 17 bis 21 Grad klammen, um Freiden op 16 bis 20 Grad. Iwwert de Weekend gëtt et warscheinlech erëm e bësse manner waarm mat 12 bis 18 Grad.

A wann mir eis woen, erëm bëssen ze spekuléieren… sinn eventuell summerlech Temperaturen um Horizont?

Déi éischt richteg summerlech Zenarie sinn déi, no deenen ech de Moment am meeschten an de Kaarte sichen. Et ass awer de Moment esou, dass den europäeschen an esouguer den amerikanesche Modell d’Méiglechkeet gesinn, dass et ufanks Mee mol fir d’éischt nach eng Kéier e Stéck méi kill kéint ginn. Eng reell Chance kéint sech dann vum 9. Mee dorëmmer un erginn. Sollt dëst de Fall sinn, da wier de richtege Start vun der Donnerwiedersaison och net méi wäitfort.

Dann sinn mir elo erëm um neiste Stand wat d’Wieder betrëfft. Villmols Merci Philippe Ernzer a bis d’nächst Woch.