Aktuell: Changement méiglecherweis eréischt de Weekend

No engem bis ewell richteg variablen Abrëll huet sech an Tëschenzäit dat gutt Wieder bei eis breetgemaach. Dës bleift elo nach kuerz sou, ier eis dann awer erëm e Changement usteet.

“Reen a Bou – Op Schratt an Tratt mam Wieder” um Radio 100,7 vum 19.04.2022:

D’lescht Woch hu mir vu variablem Abrëllswieder geschwat, elo huet sech dat ganzt awer stabiliséiert, wat sech duerch déi vill Sonn an agréabel Temperature weist. Zäit emol beim Philippe Ernzer nozefroen, ob a wéi laang dat nach esou bleift. Niewelaanscht kucke mir esouguer kuerz op de kommende Summer.

Aus dem neisten Episod vu “Reen a Bou” um Radio 100,7:

Mir goufe bis ewell gutt verwinnt vun der Sonn.

Den Abrëll huet an de leschte Woche richteg gewise wat e kann. Dass en eis awer net nëmme variabelt Wieder brénge kann, weist en eis de Moment. Zanter enger gudder Woch hu mir et mat gréisstendeels guddem Wieder ze dinn, d’Sonn weist sech oft a virun allem eis Temperature mengen et besonnesch gutt mat eis. Ee vun de wäermsten Deeg bis ewell war de vergaangene Mëttwoch mat 22,8 Grad, et ass also esou just net fir 23 Grad duergaangen.

Dann so eis lo och w.e.g., dass et esou viru geet.

Mengen dës Kéier enttäuschen ech keen. Wann een sou op d’Wiederkaarte kuckt, dann steet fir dës Woch nach ëmmer kee gréissere Changement un. Eppes wat ännert sinn d’Temperaturen, mee dat warscheinlech och net fir all ze laang.

Richteg kal soll et awer net ginn?

Eis Stréimung dréint zwar ëmmer méi op ëstlech Richtungen, mee all ze wäit ginn eis Temperaturen tatsächlech net erofgedréckt. Haut um Dënschde si mir nach mat kengem gréisseren Effekt ënnerwee, 16 bis 20 Grad stinn un. Et ass méi iwwert de Mëttwoch, also muer, an den Donneschde wou et e bësse manner waarm gëtt. Bei 13 bis 17 Grad denken ech awer, dass mir eis net brauchen ze beschwéieren. Duerno sollen d’Temperaturen dann erëm klammen.

De Reen gëtt ëmmer méi en Thema, virun allem, well et jo grad keen Thema ass. Wou bleift en?

De Reen huet et de Moment net esou einfach an och d’Natur géif sech sécherlech iwwert e bësse Reen freeën. De Moment ass et nach esou, dass alles, wat mat gréissere Reequantitéiten ze dinn huet, ronderëmt eis ëmgelenkt gëtt. Bis Enn der Woch stinn eis Deeg un, un denen et méi staark wollekeg ass, mee de Reen hält sech weiderhin gréisstendeels zréck. Déi nächst Chancen op nennenswäerte Reen ginn et de Modellkaarte no de Weekend, also um Samsden an och um Sonnden. Deemno wéi ass dann och mol en Donnerwieder net ausgeschloss.

Heescht also, dass mir bis de Freiden zimmlech sécher kaum eppes u Reen gesi wäerten.

Eis steet also eng einigermoosse roueg Woch un. Mee komm mir kucke mol eng Kéier e bësse méi wäit.

Dat ass op alle Fall eppes wat ech ganz gär maache soulaang d’Wieder heiheem méi oder manner langweileg ass, méi wäit an d’Zukunft kucken. Dohier hunn ech fir haut einfach mol erëm d’Laangzäitberechnunge fir déi nächst Méint matbruecht, wou mir da kucken, wéi sech de Summer sou entwéckle kéint. Et ass méi als Schätzung ze gesinn, well eng Prognos ass et sécher net.

Wat zielen eis d’Kaarten dann esou?

Eppes wat sech ëmmer nach net geännert huet ass, dass am Allgemengen all eenzelne Mount mat iwwerduerchschnëttlechen Temperature gerechent gëtt, op mannst bis den Oktober. Wann een dat elo op eise Summer begrenzt, da wiere mir am Juni eventuell mat enger Temperaturanomalie vun tëscht 0,5 an 1 Grad ënnerwee. Am Juli an am August hätte mir genee dat selwecht. Dëst ass zwar elo keng gréisser Anomalie, an awer kann et gutt sinn, dass mir mat iwwerduerchschnëttlech héijen Temperaturen duerch de Summer goe kéinten.

Wat seet de Reen?

Wat de Reen betrëfft si mir de Kaarte no an engem méi oder manner normale Beräich ënnerwee. De Juni soll normal naass ausfalen, de Juli minimal ze naass an am August wiere mir dann erëm mat normale Wäerter ënnerwee. Heibäi sief awer gesot, dass lokal Evenementer wéi z.B Donnerwieder dëst ëmmer nach op d’Kopp geheie kënnen.

Dat war erëm e klengen Ausfluch an d’Wiederwelt vum Philippe Ernzer. Merci un dech a bis d’nächst Woch.