Aktuell: Damp vu Bëschbränn aus Kanada kënnt heiheem un

Damp vun de massive Bëschbränn a Kanada erreecht an dëse Stonnen den europäesche Kontinent. Vum Donneschden un ass mam Maximum iwwer Lëtzebuerg ze rechnen.

Advertisement

Zeenen wéi zu New York méiglech?

Virun e puer Woche war vu New York net méi vill ze gesinn, dat duerch décken orangen Damp duerch d’Bëschbränn a Kanada. D’Dampwollek kënnt an dëse Stonnen och an Europa un, mee bei wäitem net an där Form wéi um amerikanesche Kontinent.

De Moment breet sech den Damp iwwer westlechen Deeler vum Kontinent aus, bis en Donneschdenowend kënnt se de Modeller vum Copernicus-Programm no genee iwwer Mëtteleuropa un. Trotz dëser grousser Wollek un Aerosoler wäert d’Loftqualitéit hei ënnen um Buedem net all ze vill beaflosst ginn, well sech déi meescht Partikelen op déi iewescht Schichten vun der Atmosphär beschränken. Den Damp mécht sech duerch en dréiwen Himmel bemierkbar – en Effekt, deen duerch eng ganz Partie Wolleken, déi souwisou do sinn, zäitweis guer net mol ze gesinn ass. D’Sonnenop- an Ënnergäng kéinten awer duerchaus däitlech méi roudelzech ausfalen wéi normal.

Dëst ass net ongewéinlech

Duerch den Jetstream ass et näischt spezielles, dass Partikelen vun immensen Dampwolleken esouguer um europäesche Kontinent ukommen. Dat eenzegt wat e bëssen “anormal” ass ass de Fakt, dass d’Wollek elo réischt kënnt. Dëst hänkt mat der Krëmmung vum Jetstream zesummen, déi et bis ewell einfach net zougelooss huet, dass den Damp iwwer Lëtzebuerg ukënnt. An Tëschenzäit ass den Damp awer esou wäit verdënnt soudass, wéi gesot, d’Auswierkunge bei eis heiheem bal net ze bemierke sinn.