Aktuell: De Verlaf vum Stuermdéif DEBI & Bléck op weider stiermesch Entwécklungen

Wéi erwaart, huet eis mëttlerweil d’Wandfeld vum Stuermdéif DEBI erreecht, an Däitschland och JASPER genannt. Et wäert eis net all ze laang beschäftegen, mee awer méiglecherweis och net dat lescht stiermescht Wandfeld fir dës Woch sinn. En Ausbléck.

Stuermdéif iwwert de britteschen Inselen

De Moment zitt d’Stuermdéif DEBI / JASPER mat sengem Kär iwwert déi brittesch Inselen ewech, beaflosst domat awer och eis zu Lëtzebuerg. Mir leien zwar net am Haaptwandfeld, an awer sinn elo am Laf vum Nomëtten deels stiermesch Wandstéiss bis hin zu Stuermstéiss ze erwaarden. Déi momentan Wandspëtzte leie nach knapp ënner 60 km/h, mee dat soll sech an de nächste Stonnen änneren. Wéi an der Warnung, déi de Moie géint 03:37 verëffentlecht gouf, gesot, besteet déi héchst Warscheinlechkeet fir Stuermstéiss vun ëm 75 bis 80 km/h tëscht 16:00 an 20:30 Auer. Duerno leet sech de Wand erëm lues a lues.

Am Laf vun der Woch weider Wandfelder méiglech

Mir hunn et net mat engem ausgewuessene Stuerm ze dinn, mee einfach just mat den Ausleefer vun engem. Dëst kann an dëser Woch deemno wéi nach e puer mol virkommen – mee well et sech meeschtens ëmt Randdéifer handelt, gesinn d’Modeller dës deels ganz ënnerschiddlech op eis duerkommen. Fir muer den Owend ass den amerikanesche Wiedermodell der Meenung, dass eis e Stuermfeld mat Vitessen bis ëm 85 km/h erwëscht, iwwerdeems den europäesche Modell just e méi stramme Wand berechent – den däitschen ICON ass esouguer nach manner markant ënnerwee.


Déi momentan Berechnung vum amerikanesche Modell GFS | Animatioun: wxcharts.com

Dat nächst Potenzial fir e Wand-/Stuermfeld gëtt et vum Freiden un, wou bis e Sonnden ënnerschiddlech Zenarie berechent ginn. Och wann een nach näischt ganz Konkretes ka soen, kann ee sech zimmlech sécher sinn, dass d’Schmuddelwieder vun elo op alle Fall mol bis Enn der Woch virugeet. Just heiansdo si méi frëndlech Ofschnëtter mat dobäi.